Vill Patiente kloen iwwer uerg Erkältungen. RS- a Rhino-Viren zirkuléieren an och d'Gripp zitt nees un. Iwwerdeems feelt et eisem Immunsystem un Training.

D'Normalitéit ass zréck, och bei den Hausdokteren. Vill Leit sinn erkaalt. Esou wéi dat virun der Pandemie all Wanter üblech war. Ob d'Erkältunge méi uerg sinn - wéi vu munch Patient beklot - wär schwéier, objektiv anzeschätzen, seet de Generalist Dr David Heck.

"Mee mir gesinn awer zum Beispill ganz vill Leit, déi am Enseignement schaffen, déi elo erëm vill krank sinn oder och vill Schüler, woubäi een normalerweis an deem Beräich net onbedéngt richteg krank gëtt."

Deem aktuellen LNS Rapport no ass den RS-Virus an de leschte Woche bei wäitem am meeschten zirkuléiert (Positivitéitstaux vun 38,1%). Och d'Rhino-Vire waren ënnerwee (Positivitéitstaux 19%), grad wéi d'Gripp (12,2%) an de Covid (6,2%).

Fakt ass, datt eisen Immunsystem duerch d'Masken an d'Gestes barrières an de leschten zwee an hallef Joer net wierklech trainéiert gouf. Ofgeschwächt wier en dofir awer net, betount den Dr Heck.

Wie sech an anerer an der Erkältungszäit schütze wëll, sollt och weiderhin d'Gestes barrières anhalen. E gebraucht Nuesschnappech direkt entsuergen, Hänn wäschen an och de Mask wär sënnvoll, wann een ënner vill Leit geet oder bei Vulnerabeler.

Nach keng Entspanung an der Kannerklinik

Den RS-Virus ass jo virop fir kleng Kanner geféierlech, well e Bronchiolitte verursaache kann. An der Kannerklinik huet d'Situatioun sech nach ëmmer net entspaant, 40 kleng Patiente sinn den Ament wéinst Bronchiolitten hospitaliséiert. 4 vun hinne mussen intensiv-medezinesch iwwerwaacht ginn. Fir Erwuessener ass den RS-Virus zwar manner geféierlech, kann awer och zu enger zolitter Erkältung féieren.