De Chiffer vun de verschéckte Päck zu Lëtzebuerg ass 2024 geklommen, den Ëmsaz ass awer no 10 Joer eng éischte Kéier erofgaangen.

Den Trend, datt ëmmer méi Päck verschéckt ginn, huet sech zejoert weider confirméiert. 2024 sinn alles an allem méi wéi 19 Millioune Päck verschéckt oder geliwwert ginn. Dat ass eng Hausse vu méi wéi 5 Prozent am Verglach mam Joer virdrun.

Haaptgrond ass, well nach méi Päck aus dem Ausland op Lëtzebuerg geschéckt ginn. Dat schreift den ILR a sengem Rapport vum Joer 2024. Dofir huet dat nationaalt Regulatiounsinstitut d‘Donnéeë vun 43 Prestatairen ausgewäert.

Gläichzäiteg ass den Ëmsaz an deem Joer net weider geklommen, eng éischte Kéier zanter bal 10 Joer. Am Post-Secteur schaffen hei am Land eppes méi wéi 2.200 Leit. Méi wéi d‘Hallschent dovu si bei der Post Lëtzebuerg.