
D’Ekippe vum CGDIS mellen dräi Accidenter um Dënschdegmoien, bei deenen insgesamt dräi Persoune blesséiert goufen.
No enger Kollisioun kuerz no 6 Auer tëscht zwee Autoen um CR106 tëscht Héiweng a Koler goufen direkt dräi Asazzenteren op de Plang geruff, och de SAMU huet missen op d’Plaz, fir no enger blesséierter Persoun ze kucken.
Da gouf kuerz virun 8 Auer eng Persoun an der Rue Large zu Esch-Uelzecht vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Hei waren déi lokal Ekippe vum CGDIS am Asaz.
Och schonn um 5.30 Auer war et zu engem Accident um RN14 tëscht Dikrech a Steeën komm. D’Ekippen aus der Nordstad waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.