No Aggressioun zu BounewegPolice fënnt Läich an engem Appartementshaus, Täter gouf festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Parquet matdeelt, gouf dobäi nach eng weider Persoun blesséiert.
Police fënnt Läich an engem Appartementshaus, Täter gouf festgeholl
Des forces de police se sont déployées à Bonnevoie, ce jeudi en fin d’après-midi. Un jeune homme a été agressé et le corps sans vie d’une femme a été retrouvé.

Dës Persoun gouf no enger Aggressioun mat enger “Arme blanche”, also warscheinlech engem Messer, am selwechten Appartementshaus en Donneschdeg de Mëtteg blesséiert, wou och d’Läich vun enger Fra fonnt gouf.

Wéi et heescht, wier déi blesséiert Persoun, e 27 Joer ale Mann, awer net schwéier blesséiert, ma koum an d’Spidol. Den Täter selwer, e 45 Joer ale Mann, gouf festgeholl, sou de Parquet. Nodeems d’Appartement vum Täter duerchsicht gouf, sinn d’Beamten dunn op d’Läich vun enger Fra gestouss.

© Jeannot Ries (RTL)

D’Police judiciaire, méi genee d’Sektioun “Homicide” gouf op Uerder vum Parquet mat enger Enquête beoptraagt. Och d’Police technique an de Médecin-Légiste goufen ageschalt. Weider Detailer sinn net bekannt. Wei gesot gëtt nach enquêtéiert.

D’Autoritéiten goufen en Donneschdeg am Nomëtteg alertéiert. D’Autosfuerer goufen wärend dem Asaz ëm d’Plaz deviéiert.

Back to Top
CIM LOGO