
Den Conseil d’Administration vu Hëllef um Terrain asbl (HUT) huet decidéiert, d’Netty Klein-Hoffmann zur neier Presidentin vum Verwaltungsrot ze ernennen, dat vum 1. Februar 2026 un. Si iwwerhëlt de Posten nom Depart vun der Claudia Monti, déi bis ewell un der Spëtzt vun der Organisatioun stoung.
D’Direktioun ënnersträicht, datt dës intern Léisung vun der Nofolleg d’Kontinuitéit an d’Stabilitéit vum Verwaltungsrot garantéiere soll – engem Gremium, deen eréischt viru ronn engem Joer an där heite Form zesummegestallt gouf.
Vum 1. Februar 2026 un trieden nach weider personell Ännerungen a Kraaft. De Vafa Moyaed gëtt zum Vizepresident genannt, d’Sophie Le Maner iwwerhëlt d’Funktioun als Trésorière an d’Marisa Roberto bleift Sekretärin.
De Verwaltungsrot weist sech iwwerzeegt, datt dës nei Zesummesetzung eng staark Basis fir d’gutt Fonctionnement vun der Organisatioun duerstellt an decisiv dozou bäidréit, datt d’Missioun vun HUT effizient a konsequent weidergefouert ka ginn.
D’Claudia Monti hat an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun” Ufank Dezember 2025 ugekënnegt, dass si als Presidentin vun der Organistatioun HUT géif ophalen, well se eng Plaz an engem Ministère géif iwwerhuelen, wouduerch e méiglechen Interessekonflikt entsteet. D’Presidence vun HUT wier benevole, deemno net bezuelt, a si misst awer och Sue verdéngen a kéint net vu “Loft a Léift liewen”.