
Och am Numm vum Haff gëtt probéiert, d‘Leit ze beducksen. Wéi d‘Maison du Grand-Duc e Freideg den Owend schreift, hätten Onéierlecher d‘Identitéit vum Haff mëssbraucht a falsch E-Mailen erausgeschéckt, an deenen et ëm eng Invitatioun op e “Gala de Charité” am “Palais Royale Grand-Ducal” geet.

Domat wier probéiert ginn, Informatioune vu Leit ze kréien. D’Maison du Grand-Duc preziséiert, dass all Courrier, dee vun hire Collaborateuren erausgeet, mat enger E-Mail-Adress verschéckt gëtt, déi mat @gdl.etat.lu ophält.
Deemno ass et den allgemengen Appell, bei esou Messagë virsiichteg ze sinn, an all suspekt Tentativen der Police ze mellen.