Wéi schätzt de Virolog Dr. Claude Muller déi aktuell Corona-Situatioun an a woumat kënne mir an Zukunft rechnen? Mir hunn nogefrot.

Lëtzebuerg bitt am Wanter 2022/2023 ee ganz anert Bild, wéi nach déi leschten zwee Wanteren. D'Mesuren, déi um Héichpunkt vun der Pandemie den Alldag gepräägt hunn, si gréisstendeels gefall.

Heescht dat, datt d'Pandemie elo eriwwer ass? Kéint d'Ausbreedung a China nom Enn vun der 0-Covid-Politik nach emol een neien Ament mat sech bréngen? Wéi geféierlech kéinten nei Virus-Variante ginn? A wéi wäerte mir an Zukunft mam Virus liewen? Déi Froen hu mir dem Virolog Dr. Claude Muller gestallt.

Fir de Virolog vum Luxembourg Institute of Health (LIH) ass d'Pandemie deen Ament op en Enn gaangen, zanterdeem just nach zwou bis dräi Persoune mam Virus op den Intensivstatioune sinn. "Ech mengen, et ass wichteg, datt jiddweree verstanen huet, datt mer eigentlech um Enn vun der Pandemie sinn an datt d'Responsabilitéit erëm bei de Leit selwer läit, an net beim Staat." D'Regierung misst elo net méi dauernd intervenéieren, esou datt et elo un de Bierger wier, sech ze schützen - virop mat Impfungen.

Eng grouss nei Well erwaart den Dr. Muller sech an Europa duerch de grasséierende Virus a China iwwerdeems net. Trotzdeem misst een oppassen, wéi eng Virusvarianten aus China kéinten eriwwerkommen. "Dofir sinn ech fir eng Testflicht fir Reesender aus China. Leit, déi positiv sinn, solle konsequent sequenzéiert ginn." D'EU-Memberlänner hu sech e Mëttwoch den Owend eng Recommandatioun fir eng Testflicht ausgeschwat, fir Leit, déi aus China areesen.

Mä wéi konnt et iwwerhaapt dozou kommen, datt de Coronavirus sech no bal dräi Joer Pandemie a China esou staark ausbreet? "Déi Variante, déi do sinn, sinn héich infektiéis an déi stoussen op eng Populatioun, déi wierklech keen Impfschutz huet an och duerch 0-Covid dem Virus och net wierklech ausgesat war", erkläert de Virolog vum LIH. "Et ka sinn, datt et esou séier duerch d'Bevëlkerung duerchgeet, datt et an e puer Méint nees praktesch eriwwer ass." Bis dohinner géife sech awer nach vill Leit infizéieren an deementspriechend géifen och vill Leit e schwéiere Verlaf entwéckelen, esou datt d'Patienten de Gesondheetssystem séier iwwerlaaschte kéinten.

Duerch nei Varianten erwaart den Dr. Muller sech awer fir den Ament keng gréisser Problemer. D'Omikron-Variant hätt scho ganz gutt Proprietéiten, déi dem Virus eng ökologesch Nische bidden an där e gutt kéint iwwerliewen, a mat deene mir och ganz gutt funktionéiere kéinten. "Déi Leit, déi just de Coronavirus kennen, mengen, datt de Virus sech dauernd verännert. Dat ass awer net onbedéngt de Fall", erkläert de Virolog.

Nei Variante kéinten zwar villäicht méi infektiéis sinn, mee dat géif se net onbedéngt och méi virulent maachen. De Vaccin géif warscheinlech weider schützen, esou den Dr. Muller. De sprangende Punkt wier hei den Impfschutz, a wéi dëse sech op nei Varianten iwwerdréit. Dowéinst wier et wichteg, ze weider sequenzéieren an d'Varianten esou am A ze behalen.

Wat déi weider Entwécklung vum Virus ugeet, wier et wichteg, sech weiderhi mat Opfrësch-Impfungen ze schützen, wann dës recommandéiert ginn. Ugepassten Impfstoffer kéinten dann an enger nächster Phas iergendwann och virun engem liichte Verlaf oder souguer enger Infektioun schützen. Och Kombinatiounsvaccinë mat anere respiratoresche Krankheeten, wéi zum dem Grippe-Virus, sinn denkbar.

An enger éischter Versioun vum Artikel stoung nach folgende Saz: "All dräi Nopeschlänner vu Lëtzebuerg hunn dës och schonn agefouert. Lëtzebuerg huet an där Fro allerdéngs nach keng definitiv Decisioun getraff." Eng Stonn no der Publikatioun hunn de Gesondheets- an Ausseministère nei Mesuren annoncéiert.