
Der Police no koum et an der Rue de l’Eglise wuel zu enger Diskussioun tëscht zwee Jugendlechen an engem drëtte Mineur, aus där eng kierperlech Ausernanersetzung gouf. Ee vun deenen zwee Jugendleche gouf dobäi mat engem Messer blesséiert.
De presuméierten Ugräifer konnt nach op der Plaz gestallt ginn an d’Messer gouf saiséiert. Eng Ambulanz an en Helikopter waren op der Plaz, d’Affer gouf mat Blessuren an d’Klinik bruecht. Doriwwer, wéi schwéier d’Blessure sinn, ass bis ewell nach näischt bekannt.
E Méindeg gouf der Police iwwerdeems eng Patientin am Hôpital Robert Schuman um Kierchbierg gemellt, déi eng Mataarbechterin ugegraff hat a sech och allgemeng aggressiv beholl huet.
D’Fra war staark alkoholiséiert an huet sech och vun de Beamten net berouege gelooss. Well si der Police no eng Gefor fir sech an anerer gewiescht ass, gouf decidéiert, si no enger medezinescher Kontroll an eng Ausniichterungszell ze bréngen.