
D’Justizministerin Sam Tanson huet e Mëttwoch mam “Mandat de protection future” en deementspriechende Projet de Loi virgestallt.
De Mandat gëtt entweder als private Kontrakt oder beim Notaire ënnerschriwwen. Dat, jee nodeems wéi wäit d’Aufgabe ginn, déi de Mandataire soll iwwerhuelen. D’Mandat géif d’Ierfschaftsrecht net aushiewelen, sot d’Sam Tanson.
Duerch esou Mandater kann een, soulaang ee bei gudder Gesondheet ass, festleeën, wie sech zum Beispill ëm d’Privatfinanze këmmert oder och mam Hond spadséiere geet, wann d’Gesondheet net méi matmécht. De Projet ass Deel vun enger méi grousser Reform iwwert d’Selbstbestëmmung vun den Erwuessenen.
D’demographesch Entwécklung wier kloer, sou d’Justizministerin Sam Tanson. D’Populatioun zu Lëtzebuerg géif ëmmer méi al ginn. Fir dee Fall soll een elo kënne virsuergen, andeems een en Mandat de protection future ausstellt.
Dofir brauch een en Attest vum Dokter, datt ee geeschteg an der Lag ass, esou Decisiounen ze huelen. Et däerf een also net schonn ënner Tutelle stoen. De Mandat kann eng oder méi Persounen ëmfaassen, Famill oder net, wéi d’Sam Tanson sot.
Wann ee seng Autonomie bis verluer huet, muss och dat vun engem Dokter an engem Zertifikat festgestallt ginn, fir datt d’Mandat a Kraaft trëtt. An e muss beim Repertoire civil agedroe sinn.