Neit Konzept fir Veianer SchwämmDe Projet, wéi e presentéiert gouf, kascht 17,8 Milliounen Euro

Christophe Hochard
Zanter 1971 gehéiert d'Veianer Schwämm zum Stadbild. Mat mol méi, mol manner Succès. Sécher ass: d'Schwämm ass all Joers defizitär.
Nei Veianer Schwämm soll 17,8 Milliounen Euro kaschten
Souwuel de Sport-, grad ewéi den Tourismusministère wëlle sech finanziell bedeelegen.

Touriste si scho laang keng méi do. Dofir elo 5 Béck, déi d’Alentoure propper halen.

Vill Generatiounen hunn hei zu Veianen flott Summerdeeg verbruet. Op war ëmmer vu Juni bis September. Bei guddem Wieder waren alt bis 3.000 Leit an der Schwämm.

D’Infrastruktur ass an d’Jore komm an déi sanitär Anlag gouf vun der ITM als net méi zäitgeméiss agestuuft. En neie Projet soll elo nees fir Opschwong an der Touristestad suergen. Regional soll geduecht ginn.

De Sportminister ass gewellt dëst neit Konzept fir d’Piscine finanziell z’ënnerstëtzen. 17,8 Milliounen Euro gëllt et ze stemmen.

Fir de regionale Statut ze kréien, ass et elo un de Veianer Kontakt mat anere Gemengen opzehuelen. Am 5-Joresplang vum Sportsministère wär dëse Projet vun der Piscine virgesinn.

A spéitstens 3 Joer soll d’Piscine sech am neie Look weisen. Schliisslech wär se nieft Sessellift a Schlass eng wichteg Attraktioun fir d’Éislek. Den 22.Februar hunn d’Gemengeresponsabel vu Veianen Rendez-vous mam Tourismusminister Lex Delles.

Back to Top
CIM LOGO