Rar Metaller a Schweden fonntA wat schlummert ënner Lëtzebuerg?

Pierre Weimerskirch
A Schweden gouf de gréissten Depot vu rare Metaller an Europa fonnt. Wat bedeit dat? A kéint och zu Lëtzebuerg esou ee Schatz verstoppt sinn?
© LKAB

De staatleche schwedesche Grupp LKAB huet bei senger Eiseminière zu Kiruna iwwer 1 Millioun Tonnen esou Metaller entdeckt. Et rechent een domadder, datt ee ëm d’Joer 2038 ufänke kann ofzebauen.

De Ben Thuy a Romain Meyer sinn zwee Lëtzebuerger Geologen, fir béid ass dës Entdeckung eng gutt Nouvelle fir d’westlech Welt. China huet ee quasi Monopol op de raren Elementer, dat kéint sech elo änneren.

Romain Meyer:“Dat virun allem, well di seelen Äerden, déi se an héijer Konzentratioun fonnt hunn, en immense Wäert hunn. Ob bei der mobiller Kommunikatioun, der Elektromobilitéit oder der Elektronik am grousse Ganzen.”

D’Liwwerkette géife méi kuerz ginn, an den Ofbau méi nohalteg duerch méi héich Sozial- an Ëmweltstandarden, ergänzt de Ben Thuy.

Wisou gouf esou ee grousse Reservoir elo entdeckt?

An den Äerdwëssenschafte géif ëmmer nees vill Neies entdeckt ginn, esou de Ben Thuy an erkläert:

“D‘Technologien entwéckelen sech konstant virun, an d’Fuerscher siche geziilt no de wäisse Flécken op der Wëssenskaart. Grad am déiwen Ënnergrond ass esou eng Entdeckung och haut net onwarscheinlech.”

© LKAB

D’Fuerschung a Skandinavien wier ganz fortschrëttlech. De Romain Meyer kennt d’Géigend gutt, war hie fënnef Joer Dozent op der Universitéit zu Bergen. An den nordesche Länner lieft dat lescht europäescht indigeent Vollek, d’Sami. Zanter Jore si se a Konflikt mat Biergwierker, déi sech an deene Regiounen néierloossen. D’Sich no Äerzer huet Traditioun. Et wier deemno nëmmen eng Fro vun der Zäit gewiescht, bis een esou eppes Grousses fonnt hätt. De Romain Meyer erënnert sech drun, datt ënner skandinavesche Geologe scho viru 15 Joer d’Rumeur zirkuléiert ass, datt d’Schweden ee Coup gemaach hätten.

An der aktueller geopolitescher Situatioun ka Schweden sech als wichtegen Acteur positionéieren. Och fir d’Kandidatur als NATO-Member spillt esou eng Nouvelle an d’Gewiicht.

Dëse Video iwwer rar Metaller gouf op der Pressekonferenz gewisen.
Source LKAB

Wier esou eng Entdeckung zu Lëtzebuerg méiglech?

De Ben Thuy schafft den Ament als Paleontolog fir den Naturmusée. Am Lëtzebuerger Gestengs ass e gréissert Virkomme vu seelene Metaller esou gutt wéi ausgeschloss. De Romain Meyer gesäit dat genee esou. Fir hie géif et trotzdeem hei am Land ee gewëssent Potential ginn.

Romain Meyer: “Et ginn och aner Elementer den Ament héich gehandelt. Et wier vläicht den Ament nach emol ze iwwerpréiwen, wéi eng Ressource mer hei am Land hunn an ob a wéi ee se ka benotzen.”

De Bassin Minier wier dee gréissten Depot vun Eisen, dee sech an de leschte 500 Millioune Joren op eisem Planéit gebilt huet. Dat wier geologesch gesi schonn e grousst Lous fir Lëtzebuerg gewiescht.

De Romain Meyer ass Geolog an huet seng Dokteraarbecht iwwer seele Metaller an de Mierer geschriwwen. Do géif wuel de gréissten Depot vu rare Metaller schlummeren. Hien hätt selwer wärend senger Zäit als Dozent zu Bergen no esou Source gesicht. Nach haut géife Fuerscher an Norwegen no grousse Virkomme vu seelenen Elementer sichen.

De Ben Thuy ass Geolog a schafft als Paleontolog am Naturmusée.
De Ben Thuy ass Geolog a schafft als Paleontolog am Naturmusée.

Back to Top
CIM LOGO