Wéi d'Santé an hirem Wochebilan mellt, ass et bei de Corona-Infektiounen eng Baisse vu 34 Prozent par rapport zu der Woch virdrun.

Den Undeel vun deenen, déi sech net fir d'éischt ugestach hunn, ass vun 43 op knapp 46 Prozent geklommen. D'lescht Woch hu véier Mënschen eng Infektioun mam Coronavirus net iwwerlieft. 21 Leit koume wéinst Covid an d'Spidol, zwou Persoune waren op der Intensivstatioun.

D'Influenza-Infektioune sinn nach méi staark gefall, ëm 62 Prozent par rapport zu der Woch virdrun.

RTL