
Alles an allem goufen 102.960 Leit am Stater Touristebüro gezielt. Dat sinn der zwar nach manner wéi virun der Pandemie, mä bal sou vill wéi 2019. Déi meescht Touriste sinn aus Däitschland (26 Prozent) komm, virun de Fransousen an den Hollänner. D’Lëtzebuerger Residenten hunn ëmmerhin nach 7 Prozent vun den Touristen an der Haaptstad ausgemaach, déi am LCTO-Büro gezielt goufen.
Zejoert wier virun allem duerch d’Reouverture vun de Péitrusskasematten ënnert der Gëlle Fra Uganks Juni markéiert gewiescht. Méi wéi 8.500 Leit wieren zanterhier bei 675 ënnerierdesche Visitten derbäi gewiescht. Och de Palais bleift e beléiften Touristenattraktioun. D’Visitte ware mat bal 5.200 Visiteuren zu 99 Prozent ausgebucht.