Nach ier de Centre Schlasskéier opgeet, kënnt den IRM awer scho provisoresch an d’Wëlzer Spidol Säint Joseph, deen zum Nordspidol gehéiert. Den Dossier, fir en IRM op Wolz ze kréien, ass schonn deposéiert, esou de Generaldirekter vum CHdN, den Dr. Paul Wirtgen. Nach dëst Joer soll den IRM do scho kënnen a Betrib geholl ginn.
D’Aarbechte fir deen neien Zenter Schlasskéier sollen 2024 ufänken, d’Ouverture ass fir 2026 geplangt. Dat wier d’Zil, esou de Wëlzer Buergermeeschter Fränk Arndt.
An dësem neien Zenter wäerten en Deel vun de Servicer hikommen, déi aktuell an der Klinik Säint Joseph sinn, wou sech da wäert op d’Geriatrie konzentréiert ginn. Den Deel vum Projet Schlasskéier, an deem déi ambulant Servicer hikommen, gehéiert dann och direkt zum Nordspidol an ass keng Antenn, wéi dat zum Beispill mam Potaschbierg de Fall ass.
Duerch grouss Wunnprojeten, déi zu Wolz geplangt sinn, wäert d’Zuel vun den Awunner vun aktuell 8.000 Leit op ronn 11.000 klammen. Deem wéilt ee virgräifen an déi néideg Infrastruktur elo schonn en Place setzen, esou de Buergermeeschter Fränk Arndt. Dat wier och net am Widdersproch zu de Scholden, déi d’Gemeng aktuell huet. Mat Projeten, wéi d’Schlasskéier géing een nämlech an den Ausbau investéieren, wat sech spéider géing bezuelt maachen.
Nieft der Offer vum Nordspidol kommen och nach e Parking an de Centre Médical des Ardennes an dat neit Gebai, dat direkt hannert dem Wëlzer Schlass gebaut gëtt. De medezineschen Zenter bitt Plaz fir Cabinete vu Generalisten z’installéieren. Eng Iddi wier och, dass sech Spezialisten beispillsweis e puer Deeg an der Woch do kënne néierloossen. Esou wier de Service garantéiert, ouni dass e Spezialist eng fest Praxis zu Wolz misst hunn.
Et wier eng grouss Erausfuerderung, fir mat der medezinescher Nofro Schrëtt ze halen, esou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Dowéinst misst méi op esou flexibel Modeller gesat ginn.