Bei der Fro, wéi dacks Alkohol consomméiert gouf, hunn am Joer 2014 vun de Leit iwwert 15 Joer 9,6% uginn, an de Méint virdrun all Dag gedronk ze hunn.
40,6% hunn uginn op mannst emol an der Woch ze drénken. Dat heescht am Joer 2014 ware 50% vun eiser Bevëlkerung all Woch a Kontakt mat Alkohol. Domadder louch Lëtzebuerg iwwert der europäescher Moyenne, wou 9,2% uginn, all Dag ze drénken an 29,6% all Woch. 2019 hu méi wéi all drëtten Erwuessenen zu Lëtzebuerg uginn, reegelméisseg sechs oder méi Pätt bei enger eenzeger Occasioun ze drénken. Wat op Englesch als “Binge drinking” bezeechent gëtt. Dëse Pourcentage vu 35% ass den drëtthéchsten an der EU. Just an Dänemark a Rumänien ginn nach méi Erwuessener un, reegelméisseg 6 oder méi Pätt un enger Occasioun ze drénken.
Den duerchschnëttlechen Alter, bei deem déi éischte Kéier Alkohol gedronk gëtt, ass 15,9 Joer. 7% vun de Stierffäll aus dem Joer 2019 sinn op Alkoholkonsum zeréck ze féieren. Dës Zuele stamen aus offizielle Rapporte vun der EU a vun der OECD.
Dat heescht, ëmmer wa mer Alkohol drénken, huet dat Auswierkungen op eis Gesondheet. Alkohol ass eng toxesch, psychoactiv Substanz mat Suchtpotential, déi vun der International Agence fir Kribefuerschung an héchster Grupp vu carcinogenen Substanzen klasséiert ginn ass. “We cannot talk about a so-called safe level of alcohol use. It doesn’t matter how much you drink – the risk to the drinker’s health starts from the first drop of any alcoholic beverage. The only thing that we can say for sure is that the more you drink, the more harmful it is – or, in other words, the less you drink, the safer it is,” seet Dr Carina Ferreira-Borges, Unit Lead for Noncommunicable Disease Management and Regional Advisor for Alcohol and Illicit Drugs in the WHO Regional Office for Europe.
Alkohol an Autosaccidenter
Source: STATEC; Police Grand-Ducale (Zuele fir 2017-2021)
Am Joer 2021 waren 186 Accidenter, bei deenen Alkohol am Spill war. Dat ass all 5. Accident. Dat erginn Donnéeë vum Statec an der Police. D’Accidenter a Verbindung mat Alkohol um Steier geschéien awer och iwwert all Alterskategorien ewech. Ënnert "Etat d'Ivresse" versteet een, wann den Alkoholwäert am Blutttest oder am Otemtest méi héich wéi 1,2 g/L respektiv 0,5 g/L am Blutt ass.
Alkoholsucht? – Evaluéiert är Alkoholofhängegkeet
Zuelen aus Groussbritannien besoen, dass ee vu fënnef Alkoholsüchtege sech Hëllef sichen.
Centre Thérapeutique Useldeng
Di eenzeg Plaz am Land fir de stationäre mentalen Entzuch bei enger Alkohol-, Medikamenter- oder Cannabissucht. Virdru muss een de kierperlechen Entzuch gemaach hunn, am Beschten an enger Klinik. 110 Admissiounen d’Joer ginn hei am Schnëtt gemaach. De CTU ass non-stopp voll besat. D’Waardelëscht ass laang. Et ka bis zu 3 Méint daueren, bis een eng Plaz kritt, seet d’Dokter Claude Besenius, Chargée de direction a Psychotherapeutin. Dat ass sou laang wéi seele virdrun. Aktuell ass de jéngste Patient 21 Joer al an den eelste 65.
Ënnerstëtzung an Informatioune bei Alkoholproblemer fënnt een hei