D'Flossbett vun der Uelzecht kritt en neie Verlaf an et soll och méi breet gemaach ginn. Dofir mussen elo Beem Plaz maachen.
Wien an de leschten Deeg hanne laanscht d'Uelzecht tëscht Steesel a Walfer spadséieren oder mam Vëlo ënnerwee war, huet sech vläicht gewonnert. Op enger Längt vun 300 Meter ronderëm de Floss ass de gréissten Deel vun de Beem ewechgemaach ginn, och de Bam fir d’Kanner aus dem Joergank 1995 huet missen dru gleewen.
Dee war deemools am Kader vun der Journée de l'Arbre vum Steeseler Biergersyndikat geplanzt ginn. Dat wier natierlech onglécklech, mä et wier net anescht gaangen, esou de Steeseler Buergermeeschter Fernand Marchetti. D‘Uelzecht gëtt op dësem Stéck renaturéiert, den Terrain géif méi déif geluecht ginn an d‘Uelzecht kritt hiren urspréngleche Verlaf an S-Form op där Plaz zeréck. D'Beem hätten do am Wee gestanen, mä d’Naturverwaltung an e Fierschter wiere bei der Decisioun, fir se ewech ze huelen, dobäi gewiescht.
Duerch den neie Verlaf an engem méi breede Flossbett géifen et méi dacks kleng Iwwerschwemmungen am Uferberäich. Do soll d‘Waasser versickeren an domat net méi esou no un d‘Haiser erukommen. Eng 10.000 m³ Waasser kéinten esou zeréckgehale ginn, dat wieren ongeféier dräi voll Schwammbasengen.
De responsabelen Ingenieur Pit Jans erkläert, déi Bamstëmp déi elo nach do stinn, géife mat der Wuerzel erausgeholl an an de Projet integréiert. Op deene Stëmp kéinten dann nees nei Planze wuessen.
Eng 2,9 Millioune sollt de Projet am Ufank kaschten, déi de Staat géif iwwerhuelen. Mëttlerweil wier een éischter bei 3,4 Milliounen.
Dat nächst Joer soll d'Stéck zu Steesel fäerdeg sinn, ma et hätt ee wëlles, d'Ufer bis bei Miersch ze renaturéieren.
An d'Generatioun 95? Déi soll nees operstoen, fir si géifen d'nächst Joer nei Beem matgeplanzt ginn, zesumme mat deene fir de Joergank 2024.