D'Dr. Storck schafft zanter iwwer 30 Joer als Hausdoktesch, respektiv an der Urgence. De Beruff huet sech kaum geännert, de Patient schonn.

Am Joer wou ech gebuer gi sinn, huet d’Maryse Storck ugefaangen als Hausdoktesch ze schaffen. Kennegeléiert hunn ech Si am Mäerz 2019, wou ech fir e Reportage eng Nuecht an der Urgence vum Escher Spidol verbruecht hunn.

Haut hu mer eis Rendezvous an hirer Praxis zu Käerjeng ginn. Déi Plaz, wou Si zanter 1989 hir Patienten ënnersicht. Fir d’Fra vun 61 Joer ass de Beruff vum Dokter ee Liewensoptrag: "Mir ware virun allem Dokter an duerno hu mer no eis gekuckt. Déi éischt 5 Joer sinn ech net an d’'Vakanz gaangen. Dat war meng Philosophie."

RTL

© Pierre Weimerskirch

No 15 Joer als Hausdoktesch huet Si och an der Urgence zu Esch ugefaangen. Si ass och an Altersheemer, der Schoulmedezin an zanter kuerzem an der Untersuchungshaft zu Suessem als Doktesch aktiv.

«Ech kréien ëmmer gesot, wann ech ophale brauche mer 3 nei Dokteren.» En Ophale kënnt awer den Ament net a Fro, sécher net virun 2026, éischter 2027/28.

"Loosst mech emol kucken an ech soen Iech, ob Dir Recht hutt"

De Patient hätt sech geännert, haut géife vill Leit mat enger fixer Iddi bei den Dokter kommen.

Dr. Maryse Storck: Fréier war den Dokter Gott

"Fréier war den Dokter de Gott, elo kommen d’Leit a soen, ech hunn um Internet gelies, an ech mengen ech hätt dat do. An da soen ech ok, loosst mech emol kucken an ech soen Iech, ob Dir Recht hutt."

RTL

© Pierre Weimerskirch

Ëmmer méi Jonker drénken um Weekend ze vill Alkohol

An der Urgence géif ee vun allem gesinn a wann ee mengt, et hätt een alles gesinn, géif awer nees eppes Neies dobäi kommen, erzielt d’Maryse Storck. Weekends hätt een et ëmmer méi mat alkoholiséierte Persounen ze dinn.

Dr Maryse Storck: Ëmmer méi Jonker drénken ze vill Alkohol

"Ganz vill Jonker di kommen, di dann alkoholiséiert sinn, déi kenne mer jo net. Do muss een e bëssen eng aner Prise en Charge maachen, wéi bei engem, deen all zweeten Dag do läit mat 5 Promill, deem passéiert näischt. E Jonke mat 1,7 deem kann awer schonn eppes passéieren. An och ëmmer méi Jonker, dat geet vun 12-järegen un, déi dann Alkohol drénken."

Och Blesséierter duerch Messerattacke misst ee vill méi reegelméisseg behandelen. En neie Phänomen, dee Suerge mécht.

"Du hues och Leit wou s de ee Kriibs muss annoncéieren"

D’Maryse Storck lieft fir hire Beruff, eppes wat am Gespréich relativ séier kloer ginn ass. Oppen an éierlech äntwert Si op all Fro. Schwiereg Momenter géif et och ëmmer nees ginn. Esou eppes géif een och mathuelen, ma iergendwann géif et an den Hannergrond geroden, well vill Neies geschitt.

Dr Maryse Storck: Ech huelen dat scho matt

"Du hues och Leit wou s de ee Kriibs muss annoncéieren, an den Urgencen, ech mengen dat ass net di richteg Plaz. Oder een, de stierft bei eis an der Urgence, dat geschitt glécklecherweis net ganz oft, kann awer virkommen. Da musse mer der Famill uruffen a soen, ech mengen et geet zu Enn, kommt nach wann der en nach wëllt kucken. Dat sinn dann esou Situatiounen, wou s de der denks, dat ass net esou flott."

RTL

© Pierre Weimerskirch

Liewe fir d’Patienten

Ëmmer a vill fir d’Patienten do sinn, dat war eng Entscheedung déi d’Maryse Storck fréi an hirem Liewe getraff huet. Fir d’Pensioun gëtt et zwee kloer Ziler: Méi reesen a méi Zäit fir d’Frënn.