D'Vullegripp ass erëm an Europa ënnerwee. Scho ronn 50 Millioune Déieren hunn an Europa zanter leschtem Joer misse gekeult ginn.

Zanter Oktober zejoert maache sech déi europäesch Autoritéite Suergen ëm d'Ausbreedung vun der Vullegripp. 37 Länner si betraff, dorënner och Lëtzebuerg. Am Januar gouf de Virus zu Lescht bei Gefligel zu Lellgen festgestallt. Bis elo huet de Virus sech ëmmer nëmme vu Vullenzort zu Vullenzort iwwerdroen, mä an der Lescht gëtt et eng beonrouegend Entwécklung, dass och Mamendéieren, wei den Näerz befall sinn.

Mat 50 Millioune gekeulten Déieren wier d'Epidemie op d'mannst duebel sou uerg wei déi Jore virdrun. Dee leschte Fall zu Lëtzebuerg ass Enn Januar zu Lellgen festgestallt ginn. De Virolog Prof. Dr. Claude Muller schwätzt vun enger dramatescher Situatioun fir d’Gefligelbaueren. Am leschte Joer gouf et 7.000 sougenannten "Outbreaks", een Drëttel op Häff, wou Gefligel gehale gëtt an zwee Drëttel bei wëlle Vigel. 37 Länner an Europa an iwwer 100 Vullenzorte si betraff.

Am Januar koum dunn eng weider Nouvelle, déi beonrouegt huet. De Grippevirus fir d'Vulle gouf an enger Näerzfarm a Spuenien nogewisen. Speziell ass, dass d’Näerze sech géigesäiteg ugestach hunn, ouni direkte Kontakt mat Gefligel. Duerch eng Mutatioun konnt de Virus sech besser u Mamendéieren upassen, erkläert de Virolog, deen awer och berouegt, well fir dass et zu Mënsch zu Mënsch Transmissioune kënnt, si weider Mutatiounen onbedéngt noutwenneg.

Déiere kënnen iwwregens géint de Virus geimpft ginn, mä dat ass, op d'mannst an Europa, ëmstridden. D’Verbreedung vun der Vullegripp gëtt sou net verhënnert, mä de Verlaf gëtt ofgeschwächt. Et wier och schwiereg, ee mam Virus infizéiert Déier vun engem geimpften ze ënnerscheeden.

Och fir d'Mënschen existéiere schonn eng Partie Impfstoffer. Déi ginn awer de Moment nach net gebraucht, präziséiert de Prof. Dr. Muller. Mä déi sinn do fir am Fall, wou et zu enger effektiver Transmissioun vu Mënsch zu Mënsch kënnt, am Sënn vun enger eventueller Pandemie, da sinn déi op Lager, fir benotzt ze ginn.

Fir de Mënsch besteet also de Moment nach keng Gefor. Et misst een d'Entwécklungen awer weider am A behalen a probéieren, d'Kontakter tëscht de Gefligel vu verschiddenen Häff, de wëlle Vigel an och dem Mënsch sou gutt et geet ze reduzéieren.