Betraffe Leit wëssen net, wéi et weider geet
Fir d’Koppel, déi RTL géintiwwer temoignéiert huet a gäre wëll anonym bleiwen, ass et schonn déi zweet Faillite.
Wéi den éischte Promoteur, mat deem si an der Gemeng Kielen amgaang waren ze bauen, bankrott war, huet d’Garantie d’Achèvement Cenaro als neie Promoteur proposéiert. Dat war Ugangs 2021. Cenaro huet de Kontrakt doropshin iwwerholl. D’Kommunikatioun mat der Firma wier gutt a professionell gewiescht, esou d’Anne* an de Paul*.
E Joer huet et awer ongeféier gedauert, bis de Bau weidergaangen ass. Als Grond wier genannt ginn, dass Etuden am Viraus hu misse gemaach ginn. Dat wier normal, heescht et vun EuroCaution. De Versécherungsagent begleet d’Clientë bei enger Faillite a war och scho bei der Faillite mat der éischter Baufirma fir déi jonk Koppel zoustänneg. Wann eng nei Baufirma iwwerhëlt, muss sécher gestallt ginn, dass d’Aarbechten, déi bis dohinner gemaach gi sinn, och gutt verlaf sinn. Fir dass spéider keng Problemer, wéi Fiichtegkeet, opkommen.
*Nimm goufe vun der Redaktioun geännert
Ob emol ass de Kontakt ofgebrach
Wéi an der Press op d’Problemer bei Cenaro opmierksam gemaach gouf, wier d’Kommunikatioun ofgebrach, erzielen d’Anne an de Paul: "Am November ass et bemol méi lues gaangen. Dat hu mir och selwer gemierkt. D‘Aarbechter waren nach hei. Mee et ass alles méi lues viru gaangen. Iwwert d‘Press si mer du bemol iwwert d‘Schwieregkeete vum Betrib gewuer ginn. Op Maile krute mer bemol keng Äntwert méi an doheem ass bei eis nees Panik ausgebrach."
Zanter dem Enn vum leschte Joer ass um Chantier vun der jonker Koppel net méi geschafft ginn. Am Januar war d’Faillite dunn offiziell. Ma si hätten sech dat och scho virdrunner geduecht, well um Chantier vun haut op muer näischt méi geschitt ass.
Duerch d’Faillite vu Cenaro goufen eng ganz Rei perséinlech Schicksaler declenchéiert. Beim Konsumenteschutz leien antëscht eng 25 Dossiere fir, ma dat net eréischt zanter dass d’Faillite offiziell gesprach ginn ass. Och schonn am Laf vum leschte Joer hätten sech Clientë vu Cenaro gemellt, well an hirem Haus oder Appartement net méi geschafft ginn ass. Elo wou d’Faillite offiziell ass, gräift déi sougenannt Garantie d’Achèvement. Dës muss dem Gesetz no vun enger Bank kommen. Bei Cenaro ass dat awer net de Fall, d’Garantie d’Achèvement gëtt vun enger Assurance delivréiert. "Et ass awer nu mol esou, dass de Commissariat aux Assurances gesot huet, dass de Konsument dierf mat engem Assureur ënnerschreiwen. Ob dat valabel ass oder net, dat sief da mol dohinner gestallt, mee déi Assurance ass dofir do fir ze kucken, dass d’Haus oder d’Appartement fäerdeg gebaut ginn", esou de Maître Pierre Reuter vum Konsumenteschutz.
De Contenu vun der Garantie, nämlech dass d’Wunneng fäerdeg gebaut gëtt, wier dee nämmlechten, heescht et vun EuroCaution géintiwwer RTL. Egal ob d'Garantie vun enger Bank oder enger Assurance kënnt. D‘Garantie d‘achèvement ass zu Lëtzebuerg beim Kaf vun engem Logement op Plang obligatoresch.
Den Assurance-Courtier, d‘Firma déi d‘Assureure fir d‘Keefer vun den Immobilie-Projeten erausgesicht huet, berouegt. Et wieren déi néideg Mëttel do, fir de Leit hir Garantie d‘achèvement, respektiv e Remboursement no der Cenaro Failiite ze garantéieren. Den Alessandro Rizzo, CEO: „79 Prozent vun all de Clienten déi iwwert eis Versécherungs-Garante hir Garantie krut hunn, déi hu schonn eng Deklaratioun gemaach. Bei 48 Famillen si mer um Punkt, fir mat der Prozedur vum Achèvement unzefänken. Dat heescht, et ginn Expertise gemaach, fir den Etat de lieu ze maachen an ze kucken, wat nach muss gebaut ginn, fir datt et esou séier ewéi méiglech ka lassgoen.“
De Client huet de Choix, den Entrepreneur, nodeems d‘Garantie spillt, mat Hëllef selwer erauszesichen. De Garant approuvéiert se just. Bis ewell hätt ee relativ wéineg Faillite vu Promoteure missen opfänken, heescht et vu Bartreng. De Alessandro Rizzo bléift awer skeptesch: „Mir mengen, datt déi Faillitte vun dësem grousse Group elo déi éischt ass vun enger Serie, déi wäert kommen. An dat wäert sech elo net limitéieren op 100 Famillen. Mä do wäerten der vill méi an dës Situatioun kommen. De Lëtzebuerger Marché ass generell ganz gutt strukturéiert, mee egal wéi gutt eng Gesellschaft ass, wa se net méi verkeeft an d‘Käschte si fix, do kann de seriéiste Commerçant näischt méi maachen.“
De Konsumenteschutz warnt déi betraffe Clienten iwwerdeems, dohannert ze bleiwen. Bau-Delaien existéieren no der Faillite keng méi, erkläert de Me. Pierre Reuter: „Deen eenzegen, deen hätt Delaien kéinte garantéieren, dat war de Group Cenaro. Dat wäert net méi de Fall sinn. An de Kontrakter mam Assureur, deen d‘Garantie d‘achèvement gëtt, sti keng Delaien dran. En huet also keng Obligatioun, bis e gewëssenen Delai weider ze bauen.“
D’Kichen ass bestallt, mee wéini gëtt se agesat?
D’Anne an de Paul wëssen net, wéini si kënnen an hiert Haus eraplënneren. Den Ament waarde si nach, dass e neie Promoteur fonnt gëtt. Dat brauch och erëm Zäit. Antëscht wunnen si schonn iwwert e Joer méi laang bei den Elteren, wéi virgesinn. Eigentlech sollt déi jonk Koppel am Juli 2022 am Haus sinn. Duerch déi éischt Faillite koum et zu Retarden, Cenaro hat Dezember 2023 als Datum genannt. Dëse wier souguer no vir verluecht ginn, wat der jonker Koppel nees Hoffnung ginn hat. Elo stinn si erëm an der Ongewëssheet. Finanziell wieren zwar keng weider Käschten op si duerkomm, mee Supplementen, wéi de Späicher ausbauen, kéinten awer net méi ëmgesat ginn. Antëscht wier d’Kichen och bestallt. Wa se net mat Zäite kann agesat ginn, missten d’Proprietäre fir de Stockage opkommen, erkläert de Paul. Dofir géing keng Assurance opkommen. Déi finanziell Méi-Käschte versicht d’Koppel kleng ze halen. Dass de Wee an d’Dramhaus esou laang dauert, géing si awer belaaschten.