Mat 5 Joer ass d’Valeria Wiwinius mat senger Mamm aus der ukrainescher Stad Odessa op Lëtzebuerg komm. Hatt huet ëmmer nach Famill an der Ukrain.

D'Valeria an ech kennen eis lo zënter e bësse méi wéi 2 Joer. Mir schaffen zesummen, gesinn eis awer och reegelméisseg privat. Ech ka mech haut nach gutt drun erënneren, wéi ech him den 28. Februar 2022 am Büro iwwert de Wee gelaf sinn. Ech koum grad aus dem Congé, an deem ech profitéiert hat, emol e klengen Handy- an News-Detox ze maachen, deemno krut ech vum Krichsufank net vill mat. D'Valeria war gestresst an zimmlech nervös. Hatt huet permanent telefonéiert an ass am Gebai hin an hier gelaf. An engem kuerze Moment, tëscht 2 Uriff seet hatt mir: "An der Ukrain ass d’Situatioun eskaléiert. Meng Bom wëll net fort. Ech mengen, ech muss dohinner fueren a si siche goen." Säi Schutzmechanismus an den Adrenalin hunn hatt einfach funktionéiere gedoen.

Sonndesinterview Valeria Wiwinius / Reportage Céline Spithoven

De 25. Februar 2022 war d’Valeria Invité am RTL-Kloertext an huet do schonn erzielt, wéi hatt déi ganz Situatioun erlieft huet. Un d'Sendung erënnert hatt sech haut just nach wéi un e Film. "Ech weess, dass ech do souz a wat ech erzielt hunn, well ech de Kloertext duerno gekuckt hunn. Ech ka mech awer guer net un de Moment selwer erënneren. Et ass esou, wéi wann ech vun enger Sendung erzielen, déi ech einfach op der Tëlee gesinn hunn."

"Einfach funktionéieren"

Déi éischt Deeg erlieft hatt wéi en Tunnel. "Ech hunn einfach funktionéiert. Et war net de Moment, fir zesummenzebriechen." Bis haut kann hatt sech ganz genee un de Moment erënneren, wéi hatt déi ganz Situatioun a sengem Heemechtsland realiséiert huet: "Zwee Kolleege vu mir si vu Lëtzebuerg a Rumänien gefuer, fir meng Boma a weider Familljememberen do op déi moldawesch Grenz sichen ze goen. Ech wollt eigentlech selwer fueren, mee meng Mamm huet mech zeréckgehalen, well ech kierperlech a mental einfach net an der Lag war, méi wéi 2.000 Kilometer ze fueren. Dee Moment, wou ech de Message krut, dass meng Bom an déi aner et iwwert d’Grenz gepackt hunn an elo ënnerwee si fir op Lëtzebuerg, sinn ech zesummegebrach. Ech wosst, elo si si a Sécherheet. Ech sinn ëmgekippt a konnt net méi ophale mat kräischen. Dee Moment, wou si hei ukomm sinn an ech si an den Aarm huele konnt, hunn ech eréischt realiséiert, wat alles grad geschitt."

Ee Joer méi spéit...

"An deem enge Moment fillt et sech un, wéi wann d'Situatioun ni anescht gewiescht wier. An deem anere Moment kënnt et mer vir, wéi wann de Krich eréischt gëschter ugefaangen hätt."

Déi éischt Méint waren ustrengend fir d’Valeria a seng Famill: En Ënnerdag sichen, d’Pabeieren an d’Rei maachen, d’Kanner an der Schoul aschreiwen a villes méi. Dobäi koum natierlech nach de finanziellen Opwand an d’Famill emotional ze ënnerstëtzen, obwuel ee selwer och domat ze kämpfen huet.

"Ech hunn ëmmer nach Famill an der Ukrain a weess net, wéini ech si erëmgesinn"

Hatt ass erliichtert, dass seng Bom an déi aner Frënn a Familljemembere sech elo hei agelieft hunn an a Sécherheet sinn. D’Gedanke sinn awer och ëmmer bei deenen, déi si an der Ukrain hu mussen zeréckloossen. Ënnert hinnen dem Valeria säi Brudder, deen 1 Joer virum Krich säi Militärdéngscht ugetrueden ass. Hien ass zu Kiew stationéiert an obschonns hien op méi geféierlech Plazen hätt kënne geschéckt ginn, mécht ee sech awer Gedanken, erzielt hatt.

"Mir telefonéiere reegelméisseg mateneen. Heiansdo ass dann, wéi wann näischt wier, well mäi Brudder net vill iwwert de Krich schwätzt. Wann dann awer d’Sireenen am Hannergrond uginn oder ech gesinn, wéi säi Gesiichtsausdrock sech verännert, wann hie vu senge Kolleegen eppes gesot kritt, ginn ech rëm drun erënnert a mäi Mo zitt sech zesummen."

RTL

Dem Valeria säi Brudder ass den Ament zu Kiew placéiert.

Dat schlëmmst ass awer, wann d’Valeria säi Brudder emol net erreecht. "Da ginn engem ëmmer déi schlëmmste Gedanken a Biller duerch de Kapp. D’Erliichterung kënnt dann eréischt, wann hien endlech zeréckrifft."

Ma och wann een ëmmer erëm mat der Angscht an de Suerge konfrontéiert gëtt, sou ass de Krich a sengem Heemechtsland fir hatt a seng Famill iergendwéi zu enger Normalitéit ginn. "Et ass krass, u wat ee sech alles gewinne kann. Dat gëllt souwuel fir meng Famill a mech hei, wéi och fir déi Betraffen op der Plaz. Vill Leit erziele mir, dass si einfach versichen, weiderzeliewen, wat zu Odessa och nach méiglech ass am Verglach zu anere Regiounen."

Eng Partie Ukrainer si schonn zeréck an hiert Heemechtsland

Och d’Valeria kennt Ukrainer, déi séier op Lëtzebuerg geflücht sinn, wéi de Krich lassgoung, elo awer erëm zeréck an hir Heemecht sinn. An dat obwuel de Krich an der Ukrain ëmmer nach am Gaangen ass. Fir déi meescht wäert dat schwéier nozevollzéie sinn. Et wier awer wichteg, net ze jugéieren, fënnt d’Valeria. "Déi Leit sinn Erwuessen an hu Grënn, wisou si sou ee Choix treffen. Natierlech ass dat fir eis schwéier ze verstoen, fir mech och. Ech probéieren awer, esou gutt et geet, mir keng Meenung zu esou enger Entscheedung ze maachen. Ech sinn net an hirer Situatioun a weess och net, wéi ech an hirer Plaz géif reagéieren."

Nieft deenen, déi elo schonn zeréckgaange sinn an deenen, déi zeréck wëllen, ginn et natierlech och eng Partie ukrainesch Flüchtlingen, déi elo hei en neit Liewen opgebaut hunn an och bleiwe wëllen. Dem Valeria seng Bom ass elo zënter knapp engem Joer zu Lëtzebuerg a kéint sech gutt virstellen, an Zukunft gréisstendeels hei am Land ze liewen a just zäitweis zeréck op Odessa ze goen. "D’Leit zu Odessa si ganz speziell an hunn e ganz sarkasteschen Humor. Déi Stad lieft vun der Ambiance. Egal wéi de Krich ausgeet, d’Ambiance wäert net méi déi selwecht sinn. Dowéinst tendéiert meng Bom éischter dozou heizebleiwen, och wann déi Decisioun hir schwéier fält.", erzielt d’Valeria vun engem Gespréich mat senger Bom.

Wéini hatt säi Brudder, Famill a Frënn an der Ukrain erëm besichen an an den Aarm huele kann, weess hatt net. Hatt wëll sech och keng falsch Hoffnunge maachen, well een d’Situatioun einfach net wierklech aschätze kann. Bis dohin ass hatt einfach nëmme frou iwwert all Liewenszeechen, dat hatt vu senge Léifste kritt.

Zum Schluss vun eisem Gespréich otemt d’Valeria déif aus: "Iergendwéi war et dës Kéier nach méi schwéier, driwwer ze schwätze wéi deemools am Kloertext. Villäicht sinn ech elo eréischt wierklech aus dem Tunnel eraus a realiséieren, wat dat ganzt lescht Joer geschitt ass."