Virbestrooften Dokter kuerzzäiteg bei der Lëtzebuerger Arméi beschäftegt

© AFP Archivbild
DP, LSAP an CSV verlaangen an 3 parlamentaresche Froen Erklärunge vum grénge Verdeedegungsminister François Bausch wéinst engem verurteelten Arméi-Dokter.
Wéi kann et sinn, datt e virbestrooften Dokter bei der Lëtzebuerger Arméi beschäftegt gouf?
Wéi et am Lëtzebuerger Wort heescht, hätt den Urgentiste am Hierscht fir kuerz Zäit fir d'Arméi geschafft, obwuel hien e puer Méint virdrun an der Belsch wéinst Fälschung, Bedruch a Steierhannerzéiung verurteelt gouf. Hien hat Geld ugeholl, fir falsch Covid-Zertifikater fir Leit ze schreiwen, déi ni geimpft goufen - e Fall, deen och staark mediatiséiert gouf.
De Verdeedegungsministère reagéiert en Donneschdeg am Wort. De Mann, deen als externe Prestataire engagéiert gouf, hätt déi néideg Dokumenter virgeluecht an dora wier näischt opgefall. Puer Deeg nodeems hien ugefaangen hätt mat Schaffen, wier een op seng Virgeschicht opmierksam gemaach ginn an hätt d'Zesummenaarbecht op Äis geluecht.