Vun den Apdikte géing et heeschen, datt dat net nëmme mat Liwwer-Enkpäss ze dinn hätt, mä och mat der Lëtzebuerger Ofhängegkeet vun aner Länner, notamment der Belsch. Hei wier den LCGB och vun enger Zort Embargo vun de Belsch um Export vu Medikamenter gewuer ginn.
Et feelt Codein géint den Houscht, Antibiotique, mee och en Zocker-Medikament. D’Medikamenter kommen haaptsächlech aus der Belsch, fir Lëtzebuerg gëtt et e bestëmmte Quota. Anescht wéi vum LCGB ugedeit, géif deen awer agehalen, heescht et aus der Santé. Et géif deemno keen Embargo. Fakt ass awer, de Manktem spiert een um Terrain, ma et schéngt en Eu-wäite Problem ze sinn. Sou richteg erklären u wat et läit kann den Apdikter Alain de Bourcy sech net. Et wier wuel éischter e logistesche Problem, dass een als EU net genuch bei den auslännesche Produzente bestallt hat, mengt hien. Dat misst besser koordinéiert ginn, do wier awer d’Politik an d’EU gefrot.
Zwar géif et fir de Moment nach genuch Génériquen, mee bei méi neie Substanzen eben nach net- Dat geet nämlech eréischt, wann wann d‘Patent fir dat originaalt Medikament ofgelaf ass.

Beim Generaliste ass et déi selwecht Feststellung: Et wier een zwar nach net um Enn mat Alternative, ma d’Dependance vum internationale Marché mécht dem Dokter Nico Haas Suergen. Hie gesäit eng Produktioun an der EU als eng Léisung un, och wann dat méi deier fir de Konsument géif ginn.
Besonnesch penibel fënnt hien, dass och an der Praxis selwer Medikamenter an engem Urgence-Fall feelen. Medikamenter feelen, zum Beispill e Serum géint Tollwut. Da misst een d‘Leit dofir an d’Spidol schécken.
Ofhängegkeet vum chineesesche Marché, gëtt et eng méi héich Demande bei manner Offer. Dobäi si Medikamenter, déi einfach am Trend leie, wéi z.B. en Diabetes-Medikament, wat elo fir Ofzehuelen benotzt gëtt... Et gi vill méiglech Erklärunge fir de Manque. Wat d‘ Produktioun vu Medikamenter an der EU ugeet, do géing am EU-Parlament un enger Resolutioun geschafft ginn, esou d‘ Santé.
Dem erkaalte Konsument bleift fir de Moment deemno wuel just, d‘Fréijoer ofwaarden.