D’Klouschter gouf gebaut op där Plaz, déi déi meescht haut nach dat “Aalt Spidol” nennen. Vun 1929 bis 1981 war do d’Hospice Civil.
Vill Bierger aus dem Süde sinn och do op d’Welt komm. Anerer hu villäicht an de leschte Joren eeler Familljememberen do besicht, well zënter 1981 a bis Enn 2022 war et eng Maison de Soins.
Dat “Aalt Spidol” vun Déifferdeng ass allzäit eng Plaz, wou schonn am 13. Joerhonnert, an dat bis déi franséisch Invasioun 1798, Kranker gefleegt goufen, well Zisterzienser Schwësteren haten an hirem Klouschter och eng Infirmerie. Spéider gouf et eng Zäitlaang och de Wunnsëtz vun enger Partie Industriellen an hire Familljen.
Am “Top Secret” huele mer Iech mat an dat “Aalt Spidol”, dat zënter kuerzem eidel steet. D’Déifferdenger Gemeng kuckt aktuell zesumme mat engem Architektebüro, fir op dëser Plaz an Zukunft eventuell en neie Schoulcampus entstoen ze loossen. Dat nächst Kapitel also fir Fontaine Marie.