
Hannergrond wieren eng Rei Denonciatioune beim zoustännegen Anti-Fraude-Service vun der Gesondheetskeess. Géint en Acteur aus dem Fleegesecteur gëtt ënner anerem wéinst Fälschung, Bedruch, Abus de confiance, Abus de biens sociaux a Geldwäsch enquêtéiert.
RTL-Recherchen hunn erginn, datt et sech ëm de Fleegedéngscht heem.lu handelt. Dat krute mir och vum Affekot vum Beschëllegten esou confirméiert.
De Maitre Benoît Entringer sot am RTL-Interview, datt keen ofstreit, dass et eng Diskrepanz gëtt, tëscht deem, wat geschafft ginn ass an deem, wat bei der CNS facturéiert gouf. Am Communiqué vum Parquet ass rieds vun 2,5 Milliounen Euro. E Montant, deen dem Affekot net realistesch schéngt. Dëse géif op enger Evaluatioun vun der CNS baséieren, dat misst een elo genee kucken.
“D’CNS huet Recht, wa se seet, dass verschidde Saache verrechent gi sinn, déi net prestéiert gi sinn. Do muss een allerdéngs soen, de Reseau huet sech total reorganiséiert an a leschter Zäit schéngt alles perfekt ze fonctionéieren”, esou de Maitre Benoît Entringer.
150 Patienten a knapp 50 Mataarbechter concernéiert
Den Ament wieren d’Sue saiséiert, d’Personal kéint dofir kee Salaire bezuelt kréien. D’Prioritéit wier et elo ze kucken, Léisungen ze fannen, fir d’Gesellschaft op de Been ze halen, esou den Affekot. Hien erkläert weider:
“Dat fonctionéiert natierlech nëmmen, wa mäi Mandant zrécktrëtt als Gerant, wann do ee wäisst Blat geschriwwe gëtt. Wann do nei Leit kommen.”
Fir eng Kontinuitéit vun de Soinen ze garantéieren, bräicht heem.lu also een néie Gerant. Et misst een och mat der CNS genee kucken, wou d’Feeler waren, a wéi een déi Feeler kéint réckgängeg maachen. Ausserdeem misst gekuckt ginn, wéi een déi Sue kann zréck bezuelen, déi ze vill facturéiert goufen.
D’Enquête ass am Gaangen. De Parquet rappelléiert, datt esoulaang d’Schold vun der Persoun, géint déi enquêtéiert gëtt, net bewisen ass, d’Presomption d’innocence gëllt.
Suite à plusieurs dénonciations du Service anti-fraude (LAF) de la Caisse Nationale de Santé (CNS) relatifs à de nombreuses irrégularités dans la facturation de prestataires de soins à domicile opérant sous une même enseigne pour un préjudice évalué provisoirement à plus de 2,5 millions d’euros, et suite à une analyse approfondie de multiples opérations bancaires suspectes par la Cellule de renseignement financier (CRF) constatant des irrégularités au niveau de la gestion des comptes de ces prestataires, une instruction judiciaire a été ouverte par le parquet de Luxembourg notamment des chefs de faux, usage de faux, escroquerie à subvention, infractions à l’article 451 du Code de la Sécurité Sociale, association de malfaiteurs, abus de confiance, abus de biens sociaux et blanchiment.
Dans le cadre de cette instruction judiciaire des enquêteurs du service de police judiciaire (SPJ) (section FAME) ont récemment procédé à la saisie de très nombreux documents administratifs, comptables et financiers relatifs à la gestion et la facturation des prestations de soins à domicile.
Le 22 février 2023, sur mandat du juge d’instruction de Luxembourg, les enquêteurs ont procédé à l’arrestation d’une personne ainsi qu’à d’importantes saisies patrimoniales dont la maison du dirigeant du réseau.
La personne arrêtée a été interrogée en date du 23 février 2023 par le juge d’instruction qui a ordonné son placement en détention préventive.
L’enquête d’envergure se poursuit.
Le parquet tient à rappeler qu’en vertu du principe de la présomption d’innocence toute personne, qui se voit reprocher une infraction, est réputée innocente tant que sa culpabilité n’a pas été légalement démontrée.