Cafészëmmer zu JonglënsterWunnen op enger Adress, déi keng ass

Monique Kater
Déi sougenannte Cafészëmmer stinn ëmmer nees an der Kritik, dës Kéier ass eng Adress zu Jonglënster am Viséier vun den Experte vum soziale Wunnengsmaart.
Wunnen op enger Adress déi keng ass.
Déi sougenannte Cafészëmmer stinn ëmmer nees an der Kritik, dës Kéier ass eng Adress zu Jonglënster am Viséier vun den Experte vum soziale Wunnengsmaart.

Zënter 2 Joer huet d’Gemeng Jonglënster en A op e gréissert Gebai op der Haaptstrooss, an deem Zëmmer, respektiv Appartementer verlount ginn, déi de Sécherheetsnormen net entspriechen. Fir de Proprietär bedeit dat: d’Gebai norëschten a konform kréien an, wéi et zu Jonglënster de Fall war, keng nei Locatairen an déi net konform Zëmmer eran huelen. Deen, dee lount, huet op alle Fall keng Chance, sech an esou enger Kummer offiziell unzemellen. Fir de Mieterschutz een Däiwelskrees, aus deem een nëmme schlecht erauskéim.

Back to Top
CIM LOGO