Kee Kavaléiersdelikt!Drogen um Steier: Eng Gefor fir sech an anerer

RTL Lëtzebuerg
Ëmmer rëm kënnt et zu Accidenter ënner Drogenafloss - och zu Lëtzebuerg. Ma wéi geet de Grand-Duché dogéint vir a wat kéint an nächster Zäit änneren?
Drogen um Steier: Eng Gefor fir sech an anerer
Ëmmer rëm kënnt et zu Accidenter ënner Drogenafloss - och zu Lëtzebuerg. Ma wéi geet de Grand-Duché dogéint vir a wat kéint an nächster Zäit änneren?

A Frankräich iwwerschloe sech och Wochen no dem tragesche Verkéiersaccident, dat de Pierre Palmade ënner Afloss vu Kokain soll provozéiert hunn, d’Evenementer. Aktuell ass de bekannte Komiker an Untersuchungshaft. Bei der Kollisioun mat engem anere Gefier eng 50 Kilometer viru Paräis goufen dräi Persoune schwéier blesséiert, dorënner eng héichschwanger Fra, déi hire Puppelche verluer huet. De franséischen Inneminister Gérald Darmanin wëll elo duerchgräifen an annoncéiert iwwert 1 Millioun Kontrolle fir 2023. Ma och méi streng Strofen ënnert anerem iwwert e komplette Punkteverloscht fir déi, déi ënner Drogenafloss, oder Alkoholkonsum vun engem gewësse Promillewäert un trotzdeem mam Auto fueren. Déidlech Accidenter, wou och Drogen an Alkohol am Spill sinn, sollen an Zukunft als en “homicide routier” gewäert ginn an net méi als en “homicide et blessures involontaires”. Franséisch Verkéiersaffer-Organisatioune begréissen dëst, Kritiker no géif déi tragesch Aktualitéit vum Inneminister awer als Kommunikatiounscampagne an eegener Saach mëssbraucht.

A Frankräich stierwe 600 Mënschen d’Joer duerch Accidenter, wou illegal Substanzen involvéiert sinn, an 2022 koum et mat 157 Tonnen zu engem traurege Rekord bei den Drogesaisien.

Fir Lëtzebuerg ginn et den Ament just Zuele vun 2021, do goufen et véier déidlech an 12 schro Accidenter, wou Drogenafloss déi presuméiert Ursaach war. Zenter 2012 gi bei eis am Land och Schnelltester gemaach, déi eng Partie Substanze bannent e puer Minutten uweisen. Virop ginn d’Leit positiv op Cannabis an op zweeter Plaz op Kokain getest.

“Et ginn och Leit, déi huelen alles beieneen, Alkohol a méi wéi eng Drog, och dat gesinn mer (...) Drogen a Verkéierssécherheet passen net beieneen”, betount den André Schaack vum Service national de circulation et de sécurité routière.

D’Schnelltester, déi och am Ausland genotzt ginn, solle ganz fiabel sinn. Mä wéi genee funktionéieren déi? Wéini muss een en Test maachen? Wat sinn d’Strofen? Wéi steet d’Securité Routière zum “homicide routier” a wéi eng méi streng Mesuren a puncto Drogen um Stéier geschwë komme sollen, dat an nach villes méi gitt Dir am Reportage vun de Kolleege vum Magazin gewuer.

Back to Top
CIM LOGO