
Dës geschmuggelt Gidder goufen haaptsächlech iwwer Istanbul agefouert, duerch Leit aus Osteuropa an dem Südkaukasus mat verschiddenen Zil-Länner an der EU. Doduerch konnt ee steierleche Schued vu ronn 168.000 Euro verhënnert ginn.
Am November 2025 goufen zousätzlech am Cargoberäich 2,4 Milliounen Zigaretten saiséiert.
Am Cargoberäich konnten eng 2,4 Milliounen Zigaretten ofgefaange ginn. Dës waren op Pallette verstoppt, op deene sollten Elektronikartikele sinn. Dës koumen aus de Vereenegten Arabeschen Emiraten a sollten a Groussbritannien geschéckt ginn. Dat wier e Steierschued vu ronn 735.000 Euro gewiescht.