Um Dënschdeg an der Mëttesstonn gouf den Tripartitesaccord vun der Regierung, de Gewerkschaften an dem Patronat ënnerschriwwen.

Duerno huet de Premier Xavier Bettel de Solidaritéitspak 3.0 an der Chamber presentéiert. D‘Texter sinn also geschriwwen, d‘Berechnunge goufen gemaach, allerdéngs feelt et nach un konkreten Beispiller.

Triparitesaccord / Reportage: Annick Goerens

D‘Mesuren aus den leschten 2. Tripartitesaccorden hätten gegraff a wieren e Succès. De Grand-Duché hätt aktuell mat den niddregsten Inflatiounstaux an der Eurozon an och mam Solidaritéitspakt 3.0 géing een de Previsiounen no d‘Inflatioun 2024 vun 4,8 op 2,8 Prozent erofdrécken.

„D‘Steiertabell gëtt fir d‘nächst Joer ugepasst, fir den Impakt vun 2,5 Indextranchen op d‘Steierlaascht vun de Leit ze kompenséieren. Fir dass mir de Steierzueler fir dëst Joer awer och scho réckwierkend entlaaschten kënnen, wäerte mir een Crédit d‘impôt aféieren, deen eng Upassung vun der Steiertabell ëm 2 Indextranchen och uviséiere wäert. Dëse Kredit wäert réckwierkend op den 1. Januar 2023 un gëllen an dat fir ee ganzt Joer.“

Wat heescht dat konkret? Dat wollten mer direkt no Signature vum Accord am Staatsministère vun de Gewerkschaften gewuer ginn. De Patrick Dury, President vum LCGB:

„Mer wäerten wéi gesot eng ganz Rei vun konkrete Beispiller rechnen. Mer sinn ëmgaangen. Mir hunn dat do leschte Freideg ënnerschriwwen a mir wäerten déi natierlech och eise Memberen an dem Public matdeelen, sou schnell et geet.“

De President vun der CGFP Romain Wolff:

„Also mir hunn déi Berechnungen nach net ganz genau gemaach. Dat sinn keng enorm Zommen. Dir wësst jo, dass mir och verlaangt haten, dass de Steierbarème sollt ganz ugepasst ginn. Dir wësst awer och, dass d‘Regierung dat iwwerhaapt net wollt maachen. Dunn 1 Indextranche. Dunn 2. An dunn 2,5. Dat ass do, wou mer elo ukomm sinn.“

D‘Presidentin vum OGBL, d‘Nora Back:

„Ech kann d‘Beispill mat engem Duerchschnëttsloun gi vun 5.000 Euro Brutto.  Do si mer bei manner Steierlaascht vu ronn 720 Euro d‘Joer. Dat ass elo ongeféier.“

Konkret ass et also nach net. D'Berechnunge mussen nach gemaach ginn. Donieft ginn ënner anerem d'Energiepräisdeckele bis Enn 2024 verlängert, dat gëllt och fir de Masutt an d'Pellets. D'Betriber kréien d‘Indextranche, déi viraussiichtlech am Hierscht soll erfalen, bis an de Januar kompenséiert, dat iwwer eng Adaptatioun vum Taux de cotisation bei der Mutualité des employeurs, sou wéi am leschten Accord festgehalen. An am Logement gëtt zum Beispill de Bëllegen Akt eropgesat. An all dat kascht natierlech. Nach eemol de Premier Xavier Bettel:

„Mir investéieren eng zousätzlech hallef Milliard dëst Joer. Nach eng Kéier ronn 850 Milliounen d‘nächst Joer. An déi Joren drop ëmmer ronn 500 Milliounen, déi eleng d‘Steiermesuren an d‘Mesuren am Logement och wäerten ausmaachen.“

An awer géif d'Regierung ënnert hirer Limitt vun 30 Prozent Staatsverscholdung bleiwen. Dat wier eng Konditioun sine qua non gewiescht fir dësen Tripartitesaccord 3.0, sou de Premier.