
© Image Police Archivbild
Wéi eng Challengë begéint d'Police um Terrain? Dat hu mir bei der Policegewerkschaft nogefrot, nodeems dës Woch an der Chamber en ëffentlechen Debat war.
Fir d'Preventioun, vun där direkt vun enger Rei Deputéierte rieds war, feelt et u Leit. A Police op all Eck wier och net d'Léisung, esou de Pascal Ricquier. Dass méi rekrutéiert gëtt, begréisst de President vun der Policegewerkschaft ausdrécklech, mee de massive Rekrutement wier "Seegen a Fluch zugläich". D'Qualitéit vun der Formatioun dierft nämlech net ënnert der Quantitéit vun den neie Rekrutte leiden.
Aktuell géing de Programm, dee virun der Reform vun 2018 an zwee Joer enseignéiert gouf, a just engem Joer ënnerriicht ginn. Dat wier, well soss am zweete Joer nach 200 Stagiären dobäi kéimen, plus déi 200, déi schonn do waren. Dat géing d'Schoul net packen. Aktuell wier et mat de Formateuren och scho knapp, 400 Schüler géing net goen, esou de Pascal Ricquier.
D'Policegewerkschaft fuerdert dowéinst eng komplett Reform vun der Formatioun. Et dierft net sinn, dass d'Beamten um Terrain, déi schonn net vill Zäit hunn, nach d'Formatioun mussen assuréieren.
Schwieregkeete bei der sougenannter Friemepolice
Virun allem bei der "Police des étrangers", also der sougenannter Friemepolice, géing et ëmmer nach massiv u Personal feelen, kritiséiert de Pascal Ricquier. Aktuell schaffe 7 Leit an deem Service. Si këmmere sech ëm d'Rapatriementer. Ma well et mat deem Personal net duergeet, géinge Leit vum Gefaangenentransport ausgeléint ginn. Dee Service hätt awer och schonn net genuch Leit. Dowéinst kéim et dozou, dass kleng Policebüroe mussen zou bleiwen, well d'Personal vun do bei der Friemepolice géing agesat ginn. Esou kéinten d'Servicer hir Aarbecht net richteg maachen, bedauert de President vun der Policegewerkschaft.
Doriwwer eraus géingen d'Policebeamten um Terrain mierken, dass Leit ouni Pabeieren, déi festgeholl ginn, kee richtege Suivi kréien. Op Nofro beim Ausseministère heescht et schrëftlech, dass déi Responsabel vun der Direction de l'Immigration vun der Friemepolice kontaktéiert ginn, fir z'entscheeden, wat mat där Persoun soll geschéien.
D'Prozedure gesi vir, dass fir d'éischt déi administrativ Situatioun vun der Persoun gekläert gëtt. "Falls déi Persoun illegal um Territoire ass, kritt si dann eng 'décision de retour' mat 'interdiction d’entrée sur le territoire', schreift den Ausseministère. Donieft gëtt d’Fro vun der Fluchtgefor gekuckt. "Am Fall wou Plaz am Centre de Rétention ass, kann déi Persoun och 'en rétention' gesat ginn, wann et eng Fluchtgefor an eng 'Perspective d’éloignement' gëtt."
Der Policegewerkschaft no géing ze dacks entscheet ginn, dass d'Persoun nees fräi gelooss gëtt. Well sech an dësem Dossier net genuch géing doen, huet d'SNPGL eng Entrevue mam Ausseminister Jean Asselborn an dem Policeminister Henri Kox ugefrot. Et bleift ze preziséieren, dass et sech an dësem Beispill ëm Leit handelt, déi net stroffälleg gi sinn, mä ebe keng Pabeieren hunn.
D'Prise en Charge vu Säite vum Ausseministère gesäit vir, dass wann d'Persoun am Virfeld bekannt ass, probéiert gëtt "si ze iwwerzeege fräiwëlleg an hiert Land zréckzegoen", heescht et schrëftlech op Nofro. Am Joer 2022 goufen 189 Leit rapatriéiert. Dovu waren 121 fräiwëlleg Retouren, an 68 Leit goufe forcéiert rapatriéiert.