D'Maskeflicht soll iwwerall opgehuewe ginn, Isolatioun fält och ewech

De Regierungsrot huet de Feu Vert gi fir en entspriechenden Avant-projet de loi.
D'Spideeler an aner Santés-Acteurë mussen d'Covid-Fäll och net méi systematesch reportéieren. Bis Dezember bleiwen d'Dispositiounen Punkto Vaccin an Certificaten a Kraaft.
Dat Ganzt soll spéitstens vum éischten Abrëll u gëllen, wann et geet nach éischter, krut RTL op Nofro confirméiert. Den Avant-projet muss elo nach déi politesch Prozeduren duerchlafen.
Viru bal 3 Joer den 18. Mäerz 2020 war wéinst Covid-19 den Etat de crise ausgeruff ginn, deen 10 Deeg drop fir 3 Méint verlängert gouf. Dat éischt Covidgesetz datéiert op de 24.6.2020 an duerno koumen eng 30 Texter no.
Dat Gesetz, dat am wäitste gaangen ass, ass dat vum 29.10.2020. Deemools ass de Couvre-feu agefouert ginn, dee bal 8 Méint a Kraaft war. Spéitstens vum 1. Abrëll u, sinn alleguer déi gesetzlech Dispositiounen am Zesummenhang mat der Pandemie eriwwer.
De Rescht vum Regierungsrot
Da goufen nei Extensioune vum Trams-Reseau gestëmmt an zwar den Tracé Rout Bréck-Pafendall bis Laangfur an och d'Streck tëschent der Gare Centrale et Hollerich.
Dann huet de Conseil vun de Ministeren och den Accord ginn, fir déi rezent vum Logementsminister Kox annoncéiert Mesurë beim bëllegen Akt an d'Praxis ëmzesetzen.
De Fräibetrag geet vun 20.000 € op 30.000 € erop.