Altersheembewunner freeë sech, Gesiichter vu Personal rëm ze gesinn
No der Annonce vun der Santéskommissioun, datt d'Mesurë géint de Coronavirus opgehuewe ginn, weise sech d'Spidolsfederatioun an den Daachverband zefridden.
FHL a Copas weise sech zefridden
3 Joer nom Ausbroch vun der Corona-Pandemie lafen elo sou zimmlech déi lescht Schutzmesuren aus. Ënner anerem soll d'Maskeflicht am Santés- a Fleegesecteur nach dëse Mount ewech falen. D'Vertrieder aus de genannte Beräicher waren Demandeur a begréissen deemno d'Mesure.
De Pit Everling huet bei der Spidolsfederatioun a beim Daachverband vun de Prestatairen am Fleegesecteur nogefrot.
D'Situatioun gëtt dat elo hier, an de Spideeler gëtt et just nach eenzel Covid-Fäll, gëtt den Dr Philippe Turk, President vun der FHL, ze verstoen. Viru 6 Wochen hätt een dem Ministère an engem Avis och matgedeelt, datt eng Maskeflicht u sech net méi ze justifizéiere wier och mat Bléck op den Alldag vum Personal:
"Fir 3 Joer laang mat engem Mask ze schaffen, war eng Zoumuddung an ermiddend. Ech mengen, datt dat elo eng grouss Erliichterung fir d'Personal ass."Natierlech géif sech allgemeng d'Fro stellen, wéi ee mat Otemwee-Infektiounen an de Spideeler soll ëmgoen. Punktuell Protektiouns-Moossnamen an eenzelen Zerwisser kéinten och bäibehale ginn. Generell Maskeflichten, déi op intern Consignë baséieren, géif een de Spideeler net recommandéieren an den Dokter Turk geet och dovunner aus, datt déi eenzel Klinicken och keng eege Reegelwierker a punkto Corona schafen.
Änlech Téin komme vun der COPAS, dem Daachverband vun de Prestatairen am Fleegesecteur. De President Marc Fischbach ass och der Meenung, datt déi eenzel Haiser lo keng eege Reegelen oder Recommandatioune brauchen:
"Et mécht kee Sënn, fir zousätzlech Recommandatiounen ze formuléieren, déi keng gesetzlech Basis hunn. Eis Positioun ass et, fir bei déi üblech Hygiènesvirschrëfte vu virun der Pandemie zeréck ze kommen. Dat heescht, datt mer de Covid behandele wéi all aner Infektioun."
Natierlech kéint awer all Struktur hir intern Bestëmmunge selwer definéieren. Allgemeng kann d'COPAS wéinst de positive sanitären Evolutioune gutt mam geplangte Gesetzprojet liewen. E Projet, deen d'Enn vun der Pandemie géing signaliséieren, sou nach de Marc Fischbach.
Och d'Bewunner frou iwwert d'Changementer
D’Bewunner an den Alters- a Fleegeheemer brauche jo scho méi laang keng Maske méi unzedoen. Si freeën sech awer, dass mam nächste Covid-Gesetz och d’Personal nees ouni Mask soll kënne schaffen. Bal 3 Joer hätt een d’Mataarbecherinnen a Mataarbechter net richteg gesinn an dacks och schlecht héieren. Et kéint ee sech u verschidde Gesiichter net méi erënneren a Leit, déi wärend der Pandemie nei agestallt goufen, hätt een am Fong nach ni ganz gesinn.
Virun enger Covid-Infektioun hu momentan kaum Bewunner Angscht. An de Servior-Haiser beispillsweis wieren d’Leit quasi all véiermol geimpft. Déi aktuell manner virulent Variant vum Coronavirus an awer och d’Impfunge géifen dozou bäidroen, datt d’Krankheetsfäll manner schlëmm wieren an och net méi sou séier Clustere géifen entsoen.