An de leschten zwee Joer sinn 58 Euthanasien hei am Land gemaach ginn

Dat geet aus dem Rapport vun der nationaler Kontrollkommissioun ervir.
Dee gouf um Dënschdeg dem Chamberpresident an dem President vun der Gesondheetskommissioun um Krautmaart iwwerreecht.
Zanter der Aféierung vum Euthanasiegesetz 2009 gëtt all zwee Joer esou e Bilan gezunn. Däitlech méi Leit hätten eng Euthanasie, respektiv eng "Assistance au suicide" ugefrot a gemaach kritt, huet de President vun der Kommissioun Jean-Claude Wiwinius betount.
D'Leit wieren an tëscht vill besser Informéiert an de Sujet wier net méi sou en Tabu, wéi dat nach am Ufank de Fall war. Doduerch wieren och d'Ängschte vun de Leit manner grouss ginn. D'Kontrollkommissioun hält an hirem Rapport awer trotzdeem fest, datt nach méi a puncto Informatioun gemaach kéint ginn an d'Dokteren och eng speziell Formatioun fir de Sujet vun der Euthanasie sollen ugebuede kréien.
An de Joren 2019 an 2020 haten 41 Leit hei am Land op eng Euthanasie zeréckgegraff. An den allermeeschte Fäll waren et Leit, déi Kriibs am Endstadium haten.
Am leschte Bilan hat Kommissioun och proposéiert, dass hei am Grand-Duché eng spezifesch Euthanasie-Formatioun géif ugebuede ginn, fir dat medezinescht Personal. Donieft hat d'Kommissioun bedauert, dass och no 10 Joer an no villen Demanden, d'CNS nach ëmmer keng spezifesch Tarifikatioun opgestallt hat, fir d'Soine vun der Euthanasie oder der Assistance au suicide ze verrechnen.