Eppes méi wéi d'Hallschent vun de Leit, déi am Finanzsecteur schaffen, denken dacks oder ganz dacks doriwwer no, hir Aarbecht ze wiesselen.

Onzefriddenheet iwwert de Revenue, onbezuelten Iwwerstonnen, Angscht ëm d'Aarbechtsplaz: enger Ëmfro vum OGBL no denke méi wéi d'Hallschent vun de Salariéen am Finanzsecteur dacks oder ganz dacks driwwer no, hir Aarbecht ze wiesselen. Fir d'Gewerkschaft muss de Secteur méi attraktiv gemaach ginn.

Enquête am Finanzsecteur / Reportage Fanny Kinsch

D'Pandemie hätt d'Aarbecht am Finanzwiese komplett verännert, stellt d'Zentralsekretärin fir dee Beräich beim OGBL Sylvie Reuter fest.

"Wa si soss eng Aufgab gemaach hunn, dann hu se déi gemaach, an da war et gutt. Haut hu se d'Aufgab gemaach an eng Stonn dono ass scho rëm eng WhatsApp oder eng Webex an dat wat virun enger Stonn nach richteg war, war déi Stonn dono schonn net méi richteg an och dat huet d'Leit am Secteur immens belaascht."

Fir konkret Zuelen zu deem gefillte Phenomen ze kréien, gouf e Sondage mat OGBL-Member an Net-Member organiséiert. Eng 450 Salariéen vu Banken, Assurancen an anere Betriber aus dem Secteur hunn deelgeholl. 52,5 Prozent hunn uginn, datt si d'Plaz wéilte wiesselen.

"A mir hunn d'Leit gefrot 'Wat sinn da laut Iech Changementer, déi misste kommen?' Dann ass ganz kloer op éischter Plaz de Revenu an d'Consideratioun, op der zweeter Plaz ass et Work-Life-Balance, op der drëtter Plaz ass et d'Sécherheet vun der Aarbechtsplaz an op der véierter Plaz ass et d'Aarbechtszäitverkierzung."

80 Prozent vun de Leit hätten och uginn, datt si méi Télétravail wéilte maachen. Dobäi huet d'Majoritéit vun de Leit uginn, si géingen doheem genau esou vill oder méi schaffe wéi um Büro. Op deem Punkt misste Léisunge fonnt ginn, sou den OGBL, an et misst och e Recht op Formation continue ginn.

"Dat virun allem an enger Welt, déi ëmmer méi numeresch gëtt, déi gesteiert ass vun artificieller Intelligenz. Do muss een an d'Leit investéieren an do däerf een net nëmme soen, mir mussen Talenter unzéien, nee, do muss een och déi bestoend Leit, déi bestoend Ressourcen erëm als Ressource gesinn an an déi investéieren."

D'Feststellung, datt de Finanzsecteur méi attraktiv misst ginn, géing een iwwregens mam Patronat deelen, huet d'Zentralsekretärin Sylvie Reuter ervirgestrach.

"Déi soe ganz kloer, an do si mir mat hinnen op enger Linn, si missten den Narrativ änneren, an dat maache si och, si maache Campagnen 'de Papp a schafft am Finanzsecteur', si maache soss Campagnen, fir dass déi jonk Lëtzebuerger erëm Interessi kréie fir an de Finanzsecteur. An doriwwer eraus an d'Groussregioun ginn se sichen. Mir sinn awer der Meenung, dass et net beim Narrativ däerf bleiwen."

Enn 2022 hunn dem Statec no 53.111 Leit am Finanzsecteur geschafft, 11,23 Prozent vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, waren domat an deem Beräich beschäftegt.