
Um traditionelle Treffe mat der Press um Schluss vu senger Auslandsvisitt a Lettland reagéiert de Grand-Duc Henri op d’Medieberichter ronderëm Konflikter tëscht der Grande-Duchesse Marie Teresa an dem Personal um Haff. Net alles wier grad esou ofgelaf, ewéi e rezenten Artikel an der Wochenzeitung Lëtzebuerg Land et beschriwwen hätt.
“Ech gesinn de Premier reegelméisseg a mir schwätzen iwwer alles. Ech mengen, do ass wierklech kee gréissere Problem. Wat do am Land stoung, ass net 100 Prozent richteg. Do sinn och vill Spekulatioune gemaach ginn. An ech géif soen, dass déi Relatioun mat der Regierung, tëschent Maison du Grand-Duc a Ministère d’Etat, do leeft et wéi normal. An dat ass exzellent esou.”
Et ass déi éischt Reaktioun vum Lëtzebuerger Staatschef op den Artikel aus dem Lëtzebuerger Land an och soss internationale Medieberichter. D’Land hat virun engem knappe Mount vun Desaccorden an der Direktioun vun der Maison du Grand-Duc, déi jo am Oktober 2020 op Basis vum Rapport Waringo an d’Liewe geruff gouf bericht.
An der Wochenzeitung war och vun Accusatioune vum Personal um Haff Rieds, datt d’Situatioun derapéiert wier, wéi d’Grande-Duchesse de Weekend vum 29. an 30. Oktober wollt Kleeder uprobéieren a Fotoe maache loossen, en vue vun der Hochzäit vun hirer Duechter, der Prinzessin Alexandra. Et hat personelle Renfort misste geruff ginn, well d’Femmes de chambre an de Service garde-robe net duergaange sinn.