De groussherzoglechen Haff respektiv d'Fra vum Grand-Duc war Enn 2022 nees an e schlecht Liicht geroden, well eng Employée schlecht behandelt gi wier.

D'Lëtzebuerger Land beschäftegt sech a senger neister Editioun mat deene Problemer a schreift vun Desaccorden an der Direktioun vun der Maison du Grand-Duc, déi jo am Oktober 2020 op Basis vum Rapport Waringo an d'Liewe geruff gouf. D'Wochenzeitung schreift, d'Situatioun wier derapéiert, wéi d'Grande-Duchesse de Weekend vum 29. an 30. Oktober wollt Kleeder uprobéieren a Fotoe maache loossen, en vue vun der Hochzäit vun hirer Duechter, der Prinzessin Alexandra. Et hat personelle Renfort misste geruff ginn, well d'Femmes de chambre an de Service garde-robe net duergaange sinn.

Méindes hat d'Maria Teresa ënnert anerem den Haffmarschall an hir perséinlech Assistentinne convoquéiert. D'Leit hätte schlecht Organisatioun reprochéiert kritt an dat accuséiert Personal wier och net verdeedegt ginn.

14 Deeg méi spéit war de Premier Xavier Bettel am Palais, fir mam Grand-Duc a senger Fra iwwert dës Kris ze schwätzen, opgrond vun där och Desaccorden am Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc entstane sinn. Et heescht, den Direkter vum Büro vum Haffmarschall wier nom Congé iwwer Chrëschtdag just fir eng Reunioun vum 19. Januar zeréckkomm.

Eng Reunioun, an där de Premier no sengem Retour vun Davos dem Lëtzebuerger Land no en Ultimatum gestallt hätt. Am Laf vum Mäerz wier mat engem Bilan ze rechnen.

Et heescht, de Premier géif d'Situatioun ganz genee suivéieren an hätt se gär gekläert.