De Fokus louch dacks och um Konflikt an der Ukrain
Bei der Staatsvisitt vum Grand-Duc a Lettland sollten Diplomatie an déi ekonomesch Relatiounen tëscht dem Grand-Duché a Lettland am Vierdergrond stoen.
Um drëtten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Lettland vum Grand-Duc Henri an den Aussen- a Wirtschaftsministere Jean Asselborn a Franz Fayot gouf et och eng Visitt vum nationalen Rehabilitatiounszenter "Vaivari" am Weste vu Riga. Besonnesch d'Schicksal vun 3 ukraineschen Zaldoten, déi hei traitéiert ginn, huet de Grand-Duc beréiert.
"Se waren allen 3 blesséiert. Een Zaldot huet d'Been verluer. Deen aneren huet eng schwéier Verletzung um Aarm. Ee vun hinnen huet souguer Famill zu Lëtzebuerg. En impressionanten Zoufall, deen awer och d'Proximitéit vum Krich weist.", esou de Grand-Duc.
Déi lettesch Solidaritéit géintiwwer der Ukrain ass omnipresent. En zerstéierte russesche Panzer aus der Ukrain, gëllt mëttlerweil als Touristen-Attraktioun virun der russescher Ambassade zu Riga.
"Mir sinn hei an engem Land, dat 1 Prozent vu sengem PIB d'lescht Joer an d'Ukrain investéiert huet, fir ze hëllefen. A Lettland ass d'Gefill, datt, wa Russland dat heite wënnt – wann d'Ukrain net d'Mëttel huet, fir sech ze wieren – da kënne mir déi nächste Kéier déi nächst sinn. Och wann een dat muss relativéieren: ech gleewe kaum, datt de Putin an en NATO-Land agräift. Aner Länner, déi an der Géigend sinn ewéi Georgien, Moldawien riskéiert et d'nämmlecht ze goen ewéi der Ukrain.", erkläert den Ausseminister Jean Asselborn.
Vun ekonomescher Säit huet ee sech dëser Deeg zefridde gewisen. Méi ewéi 20 Betriber aus Lëtzebuerg a 50 Betriber aus Lettland hu sech zu Riga begéint. Potential gëtt et am Norde vun Europa genuch a besonnesch d'Holz a Forstwirtschaft lackelen d'Lëtzebuerger, esou de Wirtschaftsminister Franz Fayot.
Sief et op ekonomeschem Niveau, aussepolitesch oder och an der Verdeedegung – d'Relatioun tëscht Lëtzebuerg a Lettland wäert sech déi nächst Jore weider konkretiséieren.