Den 2. Dag vun der Staatsvisitt a Lettland dréint sech ronderëm d'Wirtschaft an do wier Lettland e Land voller Potential.

Elo gëllt et Neel mat Käpp ze maachen an d'Aarbecht vun de leschten Deeg ze konkretiséieren, esou de Wirtschaftsminister Franz Fayot bei senger Visitt a Lettland.

Eng speziell Staatsvisitt: do ass sech déi lëtzebuergesch Delegatioun eens. Net nëmmen duerch déi aktuell Situatioun an der Ukrain an der Proximitéit vu Riga zu Russland – ma och well eng ganz Wirtschaftsdelegatioun mam Grand-Duc Henri ënnerwee ass. Och wann d'Grenz mat Russland no bäi ass – loosse sech d'Lëtzebuerger Betriber net ofschrecken, esou de Constat vun der Chambre de Commerce.

Méi ewéi 20 Betriber aus Lëtzebuerg a 50 Betriber aus Lettland hu sech zu Riga begéint. 60 B&B Treffe ware geplangt – 90 koumen zustane. Potential gëtt et am Norde vun Europa genuch, esou de Wirtschaftsminister, Franz Fayot: "Mir haten 90 Milliounen Euro Handelsvolume mat Lettland, wann een alles zesummerechent, also och déi finanziell Servicer."

Am Verglach mat Litauen a Lettland ass dat net ganz vill. Mat Litauen sinn et 236 Milliounen Euro a mat Estland 234 Millioune Euro am Joer 2021. Also 2,5 Mol méi ewéi mat Lettland.

Potential ass do, virun allem am Secteur vum Holz an der Forstwirtschaft. Lëtzebuerg huet 3% vun der Surface u Beem vu Lettland. Iwwer 50% vu Lettland si Bësch. Zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi mat Holz gebaut – dat och wéinst dem Nohaltegkeet-Aspekt, esou de Minister.

Ewéi Lëtzebuerg probéiert och Lettland sech ëmmer méi um digitale Marché duerchzesetzen. Och hei kéint Lëtzebuerg mat senger Technologie ënnerstëtzen, erkläert de Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce: "Mir hunn zum Beispill zu Lëtzebuerg eng Firma, déi ganz Bëscher scanne kann. Déi kënnen eenzel Beem analyséiere. Intressant fir den Effekt vum Klimawandel ze suivéieren – ma och fir de Verkaf vum Holz. De Roboter kann den Etat vum Bam analyséieren an decidéieren, ob dësen zum Beispill kann zu engem Miwwelstéck ëmfonctionéiert ginn oder ob e beschiedegt ass an als Brennholz verkaf gëtt."

Et gi vill Änlechkeeten tëscht Lëtzebuerg a Lettland, besonnesch am digitale Beräich. Wéi zu Lëtzebuerg gëtt a Lettland vill an Digitalisatioun a Cybersecurity investéiert. E Beräich, deen zanter 15 Joer och zu Lëtzebuerg weider ausgebaut gëtt. Béid Länner kämpfen aktuell awer och mat engem Manktem u qualifizéiertem Personal. Eng grouss Hürde fir den Ausbau vun der lettescher Ekonomie.

Iwwert déi nächst Deeg a Woche gëtt vun der Chambre de Commerce analyséiert, wéi vill Betriber aus Lëtzebuerg de Wee a Richtung Lettland wëllen aschloen.