Belsch - LëtzebuergPartenariat tëscht Proximus Group a LuxConnect am Domaine vun der Cloud

RTL Lëtzebuerg
Déi zwou Entreprisen hunn een entspriechenden Accord ënnerschriwwe fir d'Kreatioun vun dëser Cloud, mat Basis zu Lëtzebuerg.
Uewen: Gerard Hoffmann, Guillaume Boutin, Paul Konsbruck, Jacques Thill Ënnen: Thomas Kurian, Xavier Bettel
Uewen: Gerard Hoffmann, Guillaume Boutin, Paul Konsbruck, Jacques Thill Ënnen: Thomas Kurian, Xavier Bettel
© ME

Am Kader vun der Wirtschaftsstrategie vun der Lëtzebuerger Regierung bis 2025 ass de Premierminister Xavier Bettel un d’Westküst vun den USA gereest. Hei hunn d’Entreprisë Proximus Group a LuxConnect bei enger Visitt vu Google zu Moutainview de Belsch-Lëtzebuerger Partenariat am Beräich vun der Cloud presentéiert.

D’Initiativ ass Deel vun der Wirtschaftsstrategie vum Grand-Duché an dem Zil, d’Digitaliséierung vun der Ekonomie z’acceleréieren z’erméiglechen.

De Xavier Bettel huet bei der Visitt d’Wichtegkeet vu Clouds betount: “déi aktuell geopolitesch Situatioun verstäerkt d’Demande no sécheren Technologien nach weider. Ech sinn houfereg dorop, datt dës Belsch-Lëtzebuerger Kooperatioun en europäesche Virreider a Saache souverän Cloud wäert sinn”.

Donieft huet sech de CEO vu Google Cloud, den Thomas Kurian, bei der Visitt fir d’Grënnung vun enger Google-Unitéit zu Lëtzebuerg agesat. Et wier wichteg “Entreprisen a Regierunge bei der Moderniséierung vun hiren Informatiounstechnologie-Systemer z’ënnerstëtzen”.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der Regierung

Back to Top
CIM LOGO