Vun de genee 272 Verstéiss waren a 65% Notzdéieren a Bauerebetriber betraff a 35% Hausdéieren.

Déi heefegst Verstéiss géint d'Déierewuel goufen et wéinst engem net adaptéierte Logement fir d'Déieren, deem richtege Fudder oder och der Fleeg vun den Houf bei zum Beispill Kéi a Päerd.

Wa sech nom Passage vun de Veterinärsinspekteren net konforméiert gouf, ass den Dossier un de Parquet weidergaangen: dat war bannent de leschten 5 Joer 62 Mol de Fall, woubäi 15 Leit zu Geldstrofe verurteelt goufen.

An de meeschte Fäll, déi beim Parquet gelant sinn, goung et ëm reegelrecht Déierequälerei oder d'Ënnerloosse vun adequater Ernierung, Gedrénks oder der passender Fleeg.

Alles an allem goufen och eng 250 Déiere saiséiert, dëst waren ënnert anerem Ranner, Hénger, Kanéngercher oder och Villercher, Hënn an Inten.

Bannent de leschte 5 Joer goufen awer och eng 13.700 Notzdéiere wéi Ranner a Schwäin doutgemaach, fir se vun hirer Péng* z'erléisen. Rieds geet hei vun Euthanasie bei Déieren, déi d'Déiereschutzgesetz virgesäit a woufir d'Fraisen duerch de Staat iwwerholl ginn.

Dës Zuelen zur Applikatioun vum Déiereschutzgesetz liwweren d'Ministeren Tanson an Haagen dem ADR-Deputéierte Jeff Engelen, deen dozou eng parlamentaresch Fro gestallt hat.

*An enger éischter Versioun hate mer do stoen, datt d'Péng duerch "Fäll vun uerger Déierequälerei" entstane kéint sinn. Ma dës Fäll maache just e Brochdeel vun den Euthanasien aus. Ënner anerem fale Blessuren, Krankheeten oder aner Problemer däitlech méi an d'Gewiicht beim Aschléifere vun den Notzdéieren.