Tripartite-Mesurë méi deier, wéi d'Regierung seet
De Piraten no geet d'Rechnung, déi op der leschter Tripartite gemaach gouf, net op.
D'Regierung géif déi reell Käschte vun den decidéierte Mesurë verstoppen, esou de Reproche vum Deputéierte Sven Clement op enger Pressekonferenz e Méindeg de Moien. D'Piraten hunn nogerechent a komme wéinst den Energiemesuren, der Kompenséierung vum Index an de Steierentlaaschtungen op e Käschtepunkt vu ronn enger Milliard Euro fir 2024. Eng Milliard méi Depensen elo scho fir den nächste Budget, huet de Sven Clement ze bedenke ginn.
Dëst Joer wären et ëmmerhin och scho 680 Milliounen Euro. De Staat géif iwwer senge Moyene liewen. D'Regierung schwätzt hirersäits vun enger hallwer Milliard dëst Joer an 850 Milliounen Euro d'nächst Joer.
D'Piraten hätten zwar näischt dogéint Sue fir d'Leit an d'Hand ze huelen, mä da missten d'Mesurë gerecht, sënnvoll a wierksam sinn. Dat wär de Solidaritéitspak 3.0 net. D'Monoparentalle wären op en Neits par rapport zu de bestuete Koppele benodeelegt ginn.
Déi partiell Upassung vun de Steierbarêmen kéim iwwerdeems ze spéit. Och no der Entlaaschtung ëm 6,25 Prozent wären déi 23,75 Prozent u kaler Progressioun zanter 2009 nach net ausgeglach.
Och d'Erhéijung vum Montant fir Scholdzënsen ofzesetzen, kéint fréistens mat der Steiererklärung 2023 en Impakt hunn, also iergendwann d'nächst Joer.
D'Piraten hunn eng alternativ Mesure presentéiert, déi de Stéit hirer Meenung no nach dëst Joer hëllefe géif: eng direkt Hëllef. Eng Persoun, déi de Mindestloun verdéngt, krit am Zenario vun de Piraten eemoleg 1.500 Euro iwwerwisen. Wat eng Persoun méi verdéngt, wat se manner Suen ze gutt hätt. Pro Kand krit e Stot iwwerdeems 500 Euro direkt. Wéi vill déi Mesure kaschte géif, ass net ganz kloer. D'Piraten hu vereelzten Zuele missen in house opfrëschen. A Simulatiounen, déi d'Pirate selwer duerchgerechent hunn, komme si op 500 bis 550 Milliounen Euro. Dat Ganzt wier also ze finanzéieren, esou de Sven Clement.
Méi laangfristeg géifen d'Piraten eng komplett Steierreform prioriséieren: d'Barêmen upassen an ongerecht Steierklassen, wéi zum Beispill d'Klass 1A, ofschafen.