De Fall vum Luise, e Meedchen dat zu Freudenberg an Däitschland mat Messerstéch vun zwee anere Meedercher ëmbruecht gouf, werft nach ëmmer vill Froen op...

Esou Fäll, wou Kanner aner Kanner ëmbréngen, sinn immens rar. Bei deenen ënnert 14 Joer souguer nach vill méi. Ma och bei Jugendleche sinn dat éischter Eenzelfäll. Wat genee dohannert stécht, kann een net pauschal soen.

Wisou kënnt et iwwerhaapt zu sou Doten? - Reportage Véronique Soisson

Ma d'Hannergrënn kënnen ënnerschiddleche sinn, wéi de Gilbert Pregno, Psycholog a President vun der Mënscherechtskommissioun, erkläert:

 

"Et kann eng Geschicht sinn, dass an hire Famille vill Gewalt war. Wat ech och weess, dat ass, dass et bei deenen oft Situatioune si vu grousser Einsamkeet. Wa si elo zu 2 waren, da spillt dat net mat. Hu si sech elo vläicht géigesäiteg héich geschaukelt, sinn et der, déi vill Videospiller kucke mat Gewalt? Wat ass genee passéiert? Do ginn et ganz vill Grënn. Et gëtt elo vill driwwer geschwat, well et och sou dramatesch a sou schlëmm ass, awer et däerf een elo net draus zéien, dass dat elo eppes ass, dat permanent géing geschéien."

Natierlech ginn et och Kanner, déi well méi laang opfälleg waren an hirem Verhalen, wou awer eng fréizäiteg Interventioun net méiglech ass oder verpasst gouf. Et muss awer net onbedéngt esou sinn, dass et sech ëm opfälleg oder schwiereg Kanner handelt. Esou eppes kann nämlech och aus dem Näischt eraus geschéien. Ma esou oder esou, a leschter Zäit héiert ee méi dacks vu Fäll an deene Kanner oder jonk Leit zu Mäerder ginn. Heescht dat, dass dës Form vu Gewalt zouhëlt?

RTL

"Ech mengen, mir liewen an enger Gesellschaft, déi immens schnelllieweg ass, dass ee mol net méi mierkt, wann et engem Kand net gutt geet", seet de Gilbert Pregno, Psycholog a President vun der Mënscherechtskommissioun. / © RTL-Archiv

"Ob et elo zouhëlt, kann ech net soen, mee et ass natierlech eppes, wann et bis geschitt, dann ass eng grouss Opmierksamkeet do. Et ass ee jo schockéiert doriwwer, well et Kanner sinn, well een et och net versteet. Et ka sinn, dass een doduerch den Androck huet, dass et méi oft geschitt. D'Tendenz ass ganz kloer, an dat schonn zanter Joren, dass d'Kriminalitéit bei de Jugendlechen ofhëlt. Wat zouhëlt, dat sinn Akte vun Incivilitéit, keng Manéieren oder kleng Delinquenz, awer déi aner Fäll hu sichtlech ofgeholl. Dat ass awer eppes wat ganz schwéier ass ze vermëttelen, well ech mengen, dass déi eenzel Fäll sou vun engem Muerd déi bleiwen, dann awer am Gediechtnes virrangeg."

Ma generell ginn et awer scho Verännerungen an eiser Gesellschaft, déi een ebe ganz gutt bei de Kanner an de Jonken zréckspigelt.

"Wat ech fannen, ass, dass et ganz vill Defizit gëtt a bei ville Kanner, Jonker vu Säite vun der Famill, vun den Elteren, well déi d'Erzéiung net méi als Prioritéit gesinn. An e Kand brauch eng staark Bindung, fir kënne seng Perséinlechkeet opzebauen, déi huet net all Kand. Ech mengen, mir liewen an enger Gesellschaft, déi immens schnelllieweg ass, dass ee mol net méi mierkt, wann et engem Kand net gutt geet. Et dauert och immens laang bei eis, éier e Kand eng Betreiung kritt. Dat ass erschreckend, obwuel mer ganz vill Strukturen hunn, kann dat ganz laang daueren. Do ass eng Verantwortung vun der Gesellschaft déi ganz kloer ass an der Prise en Charge vun deene Kanner déi an Nout sinn."

Fir Eltere vu Kanner, déi d'Limitten iwwerschratt hunn, ass et op alle Fall eng enorm Erausfuerderung an d'Reaktioune sinn immens ënnerschiddlech. Dat geet vun der totaler Ofleenung vum Kand, bis zu der Justifikatioun vun den Handlungen. Ma grad bei jonken Täter ass et wichteg, dass d'Eltere versichen, si weider z'ënnerstëtzen, och wa si dat Schrecklecht vum Akt unerkennen.

Dozou d'Justizministesch Sam Tanson

D'Justizministesch Sam Tanson erkläert dann, wéi iwwerhaapt den Ament d'Gesetzeslag hei am Grand-Duché ass: "Mir hunn ee Gesetz vu 1992 wat "Protection de la jeunesse" heescht an do falen drënner souwuel Kanner déi schutzbedierfteg sinn, wéi och Kanner déi eng Strofdot begaangen hunn. Do gëtt net eng Nuance gemaach tëschent engem 12-Järegen an engem 13-Järegen. Do ass et esou, dass de Riichter kann d'Decisioun huelen, e Mineur deen eng Strofdot begaangen huet zum Beispill an d'UNISEC ze placéieren an da gëtt dat ëmmer erëm reevaluéiert a gekuckt, fir wéi laang dat déi Mesure da soll gëllen. Do kënnen natierlech och aner Mesurë geholl ginn, dat läit dann an der Appreciatioun vum Riichter, en fonction vun de Faiten, déi passéiert sinn, a vun de Faite ronderëm."

24/03/2023 Sam Tanson Cut 1

Duerch Obligatiounen, och duerch international Engagementer, wäert awer an Zukunft e Mindestalter an d‘Gesetz stoe kommen. Den UNO-Kannerrechtscomité recommandéiert en Alter vu 14 Joer, oder souguer driwwer: 15, 16 Joer.

Sam Tanson: "Dat war och dat, wat mir an enger éischter Phas vum Text virgesinn haten, mir hunn awer vun den Autorités judiciaires e ganz konsistenten Avis krut, mat ganz ville Remarken, wou mer eng Rëtsch Remarken iwwerholl hunn a notamment beim Mindestalter haten si grouss Bedenken, dass mir géinge bei deem Alter bleiwen. Si hu gefrot, dass mir géingen domat erofgoen, an dofir hunn ech elo an den Amendementer den Alter vun 13 Joer proposéiert."

RTL

D'Justizministesch Sam Tanson. / © RTL-Archiv

24/03/2023 Sam Tanson Cut 2

Dat heescht awer net dass ee mat 13 Joer wäert genee d‘nämmlecht behandelt ginn wéi en Erwuessenen: "Ab deem Alter vun 13 Joer spillt dann eng ganz eege Prozedur, déi ugedockt ass un d'Erwuessenestrofrecht, wou awer aner Strofe virgesi sinn, déi net esou héich sinn, wéi bei den Erwuessenen. An ënnert dem Alter vun 13 Joer spillt da réng d'Schutzprozedur, wou da just Schutzmoossname kënne geholl ginn, déi awer och kënne sinn, dass d'Kand aus der Famill erausgeholl gëtt, dass et placéiert gëtt etc., sou wéi dat am Moment an Däitschland schonn ass."

24/03/2023 Sam Tanson Cut 3

Wéi géif sou e Virfall Schrëtt fir Schrëtt oflafen?

D'Simone Flammang ass Premier avocat général, si huet eis d‘Prozedur Schrëtt fir Schrëtt erkläert. Als éischt wier no sou engem Fall natierlech d‘Police op der Plaz: "Well eng Läich fonnt ginn ass, well et no engem Gewaltverbriechen ausgesäit. An d'Police géing dann natierlech de Parquet a Kenntnis setzen, déi da misst Decisiounen huelen, wéi et mat där Enquête do virugeet."

24/03/2023 Simone Flammang Cut 1

Doropshi lafen 2 Saachen un: engersäits muss d‘Strofdot opgekläert ginn: "An dofir géing de Staatsanwalt héchstwarscheinlech dann den Untersuchungsriichter saiséieren, fir eng Instruktioun opzemaachen. Firwat? Ma well mir eng ganz Rei Devoire brauchen fir d'Opklärung vun där Strofdot. Et misst eng Autopsie gemaach ginn, mir bräichten Expertisen, d'Enquête misst vun der Police weider gefouert ginn mat Zeien, déi ze héiere sinn, et misst een och kucken: ass net eventuell nach en Erwuessenen do hannendrun, waren et effektiv déi zwou ganz jonk Täterinnen?"

24/03/2023 Simone Flammang Cut 2

Anersäits stellt sech d‘Fro: wat geschitt mat deenen 2 presuméierten Täterinnen? Als alleréischt muss natierlech sécher gestallt ginn, dass si keng Gefor méi kënnen duerstellen an dass och si selwer a Sécherheet sinn. D'Simone Flammang: "An dat wär an dësem Fall ganz kloer eng geschlosse Struktur. Ech denken dobäi natierlech un d'UNISEC, déi spezialiséiert ass ebe fir Mannerjäreger opzehuelen, déi Strofdote gemaach hunn. Et kéim awer och a Fro, eventuell: eng geschlosse Psychiatrie."

RTL

Wéi géif mat esou enger Dot Schrëtt fir Schrëtt ëmgaange ginn? / © Laurent Weber / RTL

24/03/2023 Simone Flammang Cut 3

Déi Moossnam muss duerno ëmmer erëm vum zoustännege Jugendriichter evaluéiert ginn. Deen hëlt seng Entscheedungen opgrond vun zousätzlechen Informatiounen: "E géing dann engersäits de S.C.A.S. chargéieren, de Service Central d'Assistance Sociale, mat enger Enquête sociale iwwer dat detailléiert Ëmfeld vun deene Meedercher: A wéi enger Famill liewe se? A wéi enge soziale Situatioune liewe se? Wéi ass et schoulesch? Läit eventuell do e Problem an deene verschiddene Beräicher vir? E géing warscheinlech och e Pedopsychiater beoptragen, fir eng detailléiert Evaluatioun vum mentalen Zoustand vun deenen zwee jonke Meedercher ze maachen, fir esou vill wéi méiglech Informatiounen ze kréien, eben och iwwer den Hannergrond: wéi konnt et zu esou enger schlëmmer Dot kommen?"

24/03/2023 Simone Flammang Cut 4

Wann den Untersuchungsriichter da seng Enquête ofgeschloss huet, an där et drëms geet d‘Strofdot opzeklären, da gëtt de Parquet den Dossier bei d‘Jugendgeriicht.

Déi Meedercher misste sech da fir déi Strofdot veräntwerten. D'Premier avocat général Simone Flammang erkläert: "D'Jugendgeriicht muss schlussendlech eng Konsequenz gi fir déi Strofdot, déi si gemaach hunn. Konsequenz ënner Form vun enger Jugenschutzmoossnam, déi deemno wéi souguer kann iwwer d'Majoritéit ewech ka verlängert ginn. Eng Dauer, déi d'Jugengeriicht dee Moment festleet. Am äusserste Fall gesäit d'Gesetz vir, dass ee ka bis zu zwanzeg Joer iwwer d'Majoritéit ewech placéieren. Dat ass theoretesch méiglech, ech selwer hunn esou eng Moossnam an der Praxis nach ni gesinn."

24/03/2023 Simone Flammang Cut 5

Dat lescht Wuert ass dann awer nach net geschwat. Simone Flammang: "Och wann vum Jugendgeriicht eng laang Moossnam decidéiert gëtt, kann awer zu all Zäit de Riichter dat erëm ofänneren, an op déi momentan Situatioun an aktuell Circonstance vun de Mannerjäregen adaptéieren, fir dass et hinne bescht méiglech hëlleft, herno responsabel Erwuessener an eiser Gesellschaft ze ginn."

24/03/2023 Simone Flammang Cut 6