Yves WenglerIechternacher Buergermeeschter huet als President vum SIGI demissionéiert

RTL Lëtzebuerg
Den Yves Wengler wollt no de Wale keen neit Mandat méi iwwerhuelen an huet dofir decidéiert, seng Demissioun eranzeginn, wéi hie sot.

En Dënschdeg war eng Comitésreunioun vum Syndicat Intercommunal de Gestion informatique wärend där d’Resultater vun Auditten virgestallt goufen, an deene sech mat der Analys vun der Gestion financière an der Gestioun vum Personal beschäftegt gëtt, domadder verbonnen Reprochen vun Harcèlement.

Onreegelméissegkeeten am Budget an de Konte vum SIGI

D’Observatioune vun den Irregularitéiten am Budget an an de rezente Konten hat den Inneministère am Juli zejoert un d’zoustänneg Instanze vum Syndikat weiderginn.

D’Ministesch hat reagéiert no Nouvellen an der Press ëm eng schlecht Gestioun bannent de SIGI-Strukturen. Nouvellen, déi et zanter Joren ëmmer nees gouf an déi och d’Gewerkschaften FGFC an OGBL op de Plang geruff hat.

De Gemengesyndikat geréiert den informatesche Reseau vu quasi alle Gemengen am Land. Den Internetportal Reporter.lu hat an der Vergaangenheet e puer Mol iwwert Onreegelméissegkeeten a Problemer beim SIGI beriicht.

No der Reunioun huet de SIGI ee Communiqué verschéckt.

Back to Top
CIM LOGO