Impfschied3 Persounen no Impfung géint H1N1-Influenza-A-Virus indemniséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Schwéngsgripp-Impfung an de Joren 2009/10 kruten 3 Leit eng Indemniséierung vum Staat. 7 Dossiere wéinst Covid-19-Impfung gi grad iwwerpréift.
© AFP

7 Persounen hu bis ewell eng Demande agereecht, fir wéinst Covid-Impfschied vum Staat entschiedegt ze ginn. Esou heescht et op RTL Nofro aus dem Gesondheetsministère. D’Dossiere wieren nach an der Instruktioun.

E Gesetz aus dem Joer 2000 engagéiert dem Staat seng Responsabilitéit am Fall wou Leit duerch eng obligatoresch oder vum Staat recommandéiert Impfung verstuerwe sinn oder eng dauerhaft physesch Invaliditéit dovu gedroen hunn.

An deem Kader huet de Staat an der Vergaangenheet dräi Persounen indemniséiert, déi duerch de Schwéngsgripp-Vaccin dauerhafte schwéier kierperlech Schied erlidden hunn.

Prezis Zuelen, bei wéi vill Persoune bis ewell schwéier dauerhaft Imfpschied noweislech duerch de Covid-Vaccin entstane sinn, hätt d’Santé nach keng, esou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

“Do hunn ech nach keng genau Zuelen. Och do gëtt et jo eng Prozedur ,wou déi potentiell, also déi méiglech Relatioun tëscht engem Schued,déi eng Persoun huet, an der Impfung analyséiert gëtt. Eis Direktioun vun der Santé schafft do zesumme mat Nanzeg, wou mer eng Konventioun hunn. Do ginn déi Fäll eenzel analyséiert. A Fro kommen den Ament eng 36 Fäll, wou wierklech grav Schied rapportéiert sinn. Ofgeschloss sinn dovunner awer haut menges Wëssens no nach keen.

Déi betraffe Persounen hu verschidde Problemer. Wéi Péng an de Muskelen oder Gelenker, schwéier Middegkeet, neurologesch Stéierungen, Häerzrhythmusstéierungen.

Back to Top
CIM LOGO