Nächst Indextranche erfält wuel am leschten Trimester dëst Joer

De PIB ass am leschten Trimester zejoert ëm bal 4% zeréckgaangen. Bei der Deierecht bleift de Statec fir dëst Joer bei Plus 3,4%.
Fir d'nächst Joer tabléiert een awer net méi op bal 5%, mä ewell op 2,8%.
Déi nächst Indextranche, no där elo am Abrëll, wäert wuel am leschten Trimester dëst Joer erfalen. 2024 soll et och an de leschten 3 Méint vum Joer de Fall sinn.
No 7 Trimesteren hannerteneen an der Hausse war d'Consommatioun heiheem an de leschten 3 Méint 2022 am Biergof.
Deen Trend gouf et quasi an all de Länner vun der Eurozon mat enger Baisse vun 0,9% an der Moyenne. Lëtzebuerg schneit besonnesch schwaach of mat engem Minus vun 2,2%.
Hei geet et bei d'Publikatioun vum Statec
Manner Consommatioun gouf et besonnesch bei de sougenannten net-durabele Gidder wéi Iesswueren, Restauratioun am Allgemengen, Alkohol oder nach Tubak. Et gouf zu Lëtzebuerg an deene Méint och manner Sprit a manner Gas oder Masutt verbraucht wéi soss. Och beim Optakt vum neie Joer geet et Richtung Stagnéiere vun der Consommatioun. Suen ausginn ass manner " in", Spueren, wann et méiglech ass, gëtt mat méi héijen Zënsen nees méi interessant.