Déi kënstlech Intelligenz ChatGPT gëtt och hei zu Lëtzebuerg schonn an der Aarbechtswelt agesat.

ChatGPT schreift fir eng Schräinerei zu Housen Texter fir d'Internetsäit a Remerciementer. Dat spuert der Schräinerei vill Zäit.

Obwuel den Asaz vun der kënstlecher Intelligenz sech den Ament an enger Testphas befënnt, ass de Gerant Paul Bisenius optimistesch:

„Wann de System Accès huet op eis Stonnen, déi mir geschafft hunn, den Akaf, wéi vill Sue mer hei ausginn hunn asw., kéint e wierklech komplett Analys maachen an do soen 'jo déi do Chantiere si gutt, déi si manner gut't. Hie kann der dann och hëllefen z'analyséiere wou Problemer sinn."

ChatGPT?

ChatGPT ass e Programm vum Start-up Open AI, dee mat risege Quantitéite vun Daten aus dem Internet trainéiert gouf a mat kënschtlecher Intelligenz léiert, passend Äntwerten op Froen ze ginn. Dobäi weess den Chatbot, wéi eng Wierder, statistesch gesinn, warscheinlech noenee kommen a baut aus dësen Texter a produzéiert Biller. ChatGPT wiisst aktuell méi séier ewéi TikTok. Rezent huet Microsoft 10 Milliarden Dollar doran investéiert, ChatGPT a säin Office-Pak ze integréieren.

De KI-Fuerscher Patrick Glauner këmmert sech um Deggendorf Insititute of Technology ëm e Bachelorstudium zum Thema kënschtlech Intelligenz an erlaabt esouguer senge Studenten, hir Aarbechten deelweis vun Chatbot schreiwen ze loossen. Dat fir si op déi zukünfteg Aarbechtswelt virzebereeden:

"Berufe verändern sich, das ist schon seit der industriellen Revolution so,und das wird auch hier geschehen. Wer eher Menschen arbeitslos macht, sind die Konkurrenten, die solche Tools nutzen. Beispielsweise wenn man jetzt in der Vertragseinstellung tätig ist: Wenn mein Konkurrent durch solche Tools einfach hundert Mal effektiver ist als ich, habe ich ein Problem."

Sech géint d'technologesch Entwécklung stellen, mécht fir den Unisprof wéineg Sënn: "Sonst bilden wir ja unsere Studenten für die Arbeitslosigkeit aus". Hien hält et fir méiglech, dass ChatGPT nees séier verschwanne kéint, dann awer aner, nach méi performant Programmer d'Relève huelen.

KI am droit d'affaires

Dat weess een och an engem Cabinet fir Droit d'affaires an der Stat. Als Pilotprojet schafft een hei mat enger speziell fir Juristen entwéckelter Versioun vum Programm , dem Harvey. Domat kéint ee pro Affekot eng bis zwou Stonnen d'Woch aspueren, erkläert den Associé Patrick Mischo:

"Den Harvey ass eng Hëllef fir den Affekot, e kann en notze fir eng Recherche ze maachen, fir eng Analys ze maachen, en éischten Projet vun engem Dokument, wéi zum Beispill engem Kontrakt. Mä den Harvey schafft net feelerfräi, den Harvey ka potentiellement Feeler maachen, wann en déi falsch Source benotzt, wann en Texter falsch associéiert. Dat heescht, alles wat e liwwert vu Produit muss als éischt emol iwwerpréift ginn."

Dobäi kéint den Harvey och laang net an alle Beräicher agesat ginn. Onvirstellbar wier et, d'KI Verhandlunge féieren ze loossen oder soss am Kontakt mam Client ze sinn.

KI keen Ersatz fir de Mënsch

Eis eegen Tester weisen och, dass ChatGPT ka geziilt manipuléiert ginn, fir Falschinformatiounen ze verbreeden. Esou schreift en eis zum Beispill en Artikel, dass Nordkorea elo rezent eng Atombomm gezünt hätt. Dem Chatbot säi Wësse geet och just bis September 2021, méi aktuell Informatioune sinn deemno problematesch.

Dobäi kënnt d'Fro vum Dateschutz a vun den droits d'Auteurs: Well de Programm mat Donnéeën aus dem Internet gefiddert gouf, op deene Copy Rights waren, kéint fir de Start-up Open AI deemnächst deen een oder anere Prozess ustoen. Aktuell stellt sech d'Fro, wéi een an Zukunft soll mat deem Konflikt ëmgoe, an och wéi ee mat vu KI produzéiertem Material soll verfueren. Ëmmerhin ass kënschtlech Intelligenz keng Persoun, huet also och kee Recht op droits d'auteur. Nach ass et fir d'Aarbechtswelt dofir éischter eng intressant Testphas, mä do ware sech eis Gespréichspartner eens, et géife wuel keng Aarbechtsplazen ewech falen.