D'Sam Tanson ass national Spëtzekandidatin fir d’Chamberwalen
Um ausseruerdentleche Kongress vun deene Gréngen en Dënschdeg am LUCA a Clausen gouf d’Sam Tanson eestëmmeg vun de ronn 200 Memberen designéiert.
"Ech hu grousse Respekt an eng grouss Humilitéit virun dëser Aufgab. Mä ech hu virun allem extrem Loscht, dëse Wee zesumme mat Iech ze goen", sou d'Sam Tanson um Schluss vun hirer Ried. Si huet erkläert, wisou si sech an der Politik engagéiert, deemools an haut. Hiere Grousspapp, deen als Resistenzler am 2. Weltkrich vill duerchgemaach huet, wier de Grond gewiescht. "Fir mech war kloer, dass mer alles missten drusetzen, dass dat sech net widderhëlt", sou déi 45 Joer al Politikerin. Op éischter Stell haut stéinge fir si hir Kanner. D'Politik sollt dofir dosinn, dësen eng liewenswäert Welt ze hannerloossen.
E grousse Merci goung och un de Vizepremier François Bausch. Dësen hätt si un d'Politik bruecht. "Eng Fra un der Spëtzt vum Land.. wier esou schéin", sou de Grénge Politiker. "Mä net iergend eng Fra. Mir brauchen eng Fra déi weess, wat d'Gläichheet vun alle Mënsche bedeit." Séier wier ee sech bei deene Gréngen eens gewiescht, dass d'Sam Tanson déi richteg Kandidatin wier.

© Diana Hoffmann
Mat enger nationaler Spëtzekandidatin géing net just en neit Kapitel fir d'Partei ufänken, mä méiglecherweis fir dat ganzt Land, sou de Co-Parteipresident Meris Sehovic um Dënschdeg Owend.

© Diana Hoffmann