Politiker informéieren iwwert Walrecht fir Neo-Lëtzebuerger
Fir de Walkampf an de Stëmmefang fir d'Chamberwalen a 6 Méint ass kee Wee ze wäit. Sou hu sech Vertrieder vu 5 Parteien op de Wee a Brasilien gemaach.
Op Invitatioun vun der ACLUX, der Associatioun vun de Lëtzebuerger a Brasilien, waren d'Vertrieder vun de Parteien am südamerikanesche Land, fir ronn 25.000 Lëtzebuerger iwwert hiert Recht opzeklären, am Grand-Duché mat ze wielen.
Florianopolis a Brasilien, net wäit vu Sao Paulo: E puer Honnert Leit waren de Weekend, deels wäit ugereest, do, fir de Lëtzebuerger Politiker nozelauschteren. Vertruede waren Déi gréng, d'LSAP, d'CSV, d'Piraten an d'ADR. De Premier war online bäigeschalt. D'Lëtzebuerger, déi do waren, kruten d'Nationalitéit gréisstendeels iwwert de sougenannte Recouvrement. Si hunn also missen noweisen, dass se an direkter Linn Lëtzebuerger Virfaren hunn a bis 2018 eng Demande fir d'Nationalitéit stellen. Si géife sech dem Land staark verbonne spieren. De Marcos Pedro Veber ass Buergermeeschter vun der Stad Luiz Alves an huet selwer Lëtzebuerger Originnen:
"Duerch dëst Evenement hu mir eis fir d'Walen intresséiert. Esou kënne mir mat eisen Iddien zu Lëtzebuerg participéieren an d'Politiker kënne se do ëmsetzen."
Et hätt ee primär wëllen informéieren. Wat d'Stëmmen ugeet, misst ee relativiséieren, seet d'Liz Braz vun der LSAP. Schliisslech wier am Staat Santa Catarina zu 70 Prozent de rietsen Jair Bolsonaro gewielt ginn, an dat wier net déi Clientèle, déi ee sech als LSAP wënsche géif. Et wier awer wichteg, d'Leit kennen ze léieren an iwwert de Lëtzebuerger System z'informéieren.
Eng Flicht fir ze wielen, gëtt et fir d'Neo-Lëtzebuerger net. All déi Leit, déi nach ni eng Adress am Grand-Duché haten, wielen am Zentrum. Déi aner an der Gemeng, wou se fir d'lescht gewunnt hunn, respektiv wou se gebuer goufen.
Fir ze wielen, muss een eng Kopie vum Lëtzebuerger Pass bäileeën. Et geet also net duer, den Accord fir d'Nationalitéit ze hunn.