Duerch schlecht politesch Entscheedungen hätte mer eng importéiert ekonomesch Inflatioun mat Haussen an de Liewensmëttelpräisser vu ronn 12 Prozent.

Dofir fuerdert d'Jugendpartei vun der ADR, dass d'Regierung eng Analys mécht, wat déi 100 wichtegst Grondartikelen eigentlech sinn an dorop dann d'TVA op 0 Prozent erofzesetzen. Esou steet et en Dënschdeg de Moien an engem Communiqué.