"Et muss een d'Aarmut bekämpfen an net déi Aarm"
En Donneschdeg de Moien hu mer iwwert de Verbuet vun Heescherei mat der Direktesch vun der ASBL Stëmm vun der Strooss geschwat.
D'Alexandra Oxacelay, Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss huet en Donneschdeg de Moien hei op RTL gesot, hir ASBL, déi Leit a Schwieregkeeten hëlleft, kann de Verbuet vum Heeschen net gutt fannen. "Et muss een d'Aarmut bekämpfen an net déi Aarm". D'Majoritéit an der Stater Gemeng, d'DP an d'CSV hu jo decidéiert, d'Heeschen tëscht 7 Auer moies an 22 Auer owes op verschiddene Plazen ze verbidden. Dem Alexandra Oxaceley no géing de Problem just "verschubst" a falsch ugepaakt ginn.
Si wéisst och net wéi ee soll kontrolléieren, ob een "organiséiert" do sëtzt oder net. Wéi een d'Leit wéilt bestrofen, weess d'Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss och net. Engem Plakege kéint een net an d'Täsch gräifen. D'Heescherte bestrofen, wier awer an hiren Aen, ewéi wann ee bei Kanneraarbecht d'Kanner géing bestrofen. D'Sue wiere besser ugeluecht, wann een der Police a Justiz géing méi Moyene ginn, fir géint d'Käpp vu kriminellen Organisatiounen z'enquêtéieren. Donieft géing awer och d'Hëllef fir déi Aarm hei am Land net duergoen, besonnesch wat de Logement ugeet, sou d'Alexandra Oxaceley. Zur Ausso vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer, datt méi Offer méi Leit ulackelt, sot si, dat wier natierlech wouer, mee d'Croissance vun der Aarmut wier en internationale Problem an d'Hëllef, déi et aktuell géing ginn, wier just eng Plooschter.
Déi Leit, déi heeschen, géinge si net stéieren a kéimen hir net aggressiv vir, sou d'Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss weider. Si wier éischter schockéiert, datt d'Leit mussen heeschen. U Leit, déi sech belästegt oder menacéiert fillen, recommandéiert d'Alexandra Oxaceley "eng neutral Haltung". Net op déi Leit kucken a sech net op Diskussiounen aloossen, wann een Angscht huet. Et géing och vill ausmaachen, wéi een de Leit begéint. Wat si awer net géing verstoen an der ganzer Diskussioun, wier den Egoismus a Manktem u Solidaritéit vu verschiddene Leit.
D'Stëmm wier kee Statistiksbüro, mee trotzdeem géing een do feststellen, datt d'Aarmut zouhëlt an déi meescht Leit, déi Hëllef brauchen aus dem Ausland géinge kommen. An e Land, wou een alles hätt a villes am Iwwerfloss.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.