Mir hunn eng jonk Fra getraff, déi no der Covid-Impfung eng Häerzmuskelentzündung krut.

D’Doktere gesinn e méiglechen Zesummenhang. 11 verschidde Medikamenter muss déi jonk Fra, nenne mer se Angela, dagdeeglech huelen. Bluttverdënner, Pëlle fir d’Häerz, Nieren, Longen, de Bluttdrock...

Duerch d’Myocardite schafft hiert Häerz net méi gutt. Banal Aktivitéite wéi Trape goen, d’Poubellen erausdroe sinn eng grouss Ustrengung.

D’Häerzmuskelentzündung ass eng seelen, awer bekannt Niewewierkung vum Covid-Vaccin. Éischt Symptomer hu sech beim Angela Stonnen no der zweeter Dosis Biontech-Pfizer am Juli 2021 manifestéiert. An den Deeg drop huet der deemools 26 Joer jonker Fra hiren Zoustand sech konstant verschlechtert.

“Mon coeur il battait, mais très affaibli. Mes poumons étaient remplis d’eau. Je n’arrivais pas à respirer.”

Méiglechen Zesummenhang mam Covid-Vaccin

Fir d’Behandlung gouf d’Angela an d’Uniklinik Stroossbuerg transferéiert. Ëmmer nees huet si Rechutte gemaach, huet op d'mannst fënnf vun de leschten 20 Méint am Spidol verbruecht. Opgrond vun enger Biopsie vum Häerzmuskel gesinn déi franséisch Dokteren e méiglechen Zesummenhang tëscht der Myocardite an dem Covid-Vaccin.

"Je voulais être une bonne citoyenne en faisant le vaccin contre le covid-19 et il m’a détruit la vie", sou d'Angela.

D’Entschiedegungs-Prozedur

De Vaccin, d’Hoffnung fir der Pandemie en Enn ze setzen. D’Impfstoffer hate just eng provisoresch Zouloossung. D’Regierung huet se recommandéiert, dréit domadder d’Verantwortung fir Impfschied. Opgrond vum Gesetz vum 4. Juli 2000 kënne Persoune mat dauerhafte Sequellen eng Entschiedegung bei der Santé ufroen. Aacht Persounen hunn dat bis ugangs Abrëll gemaach. D’Prozedur wier laangwiereg. Et wieren alles Eenzelfäll, déi eenzel analyséiert géifen, grad wéi den Ausmooss vum Eenzele sengem Schued, seet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Mat Hëllef vun der Patientevertriedung huet d’Angela leschten August eng Entschiedegungs-Demande agereecht. Réischt am November wär op erneit Nofro eng éischt Réckmeldung vun der Santé komm. D’Michèle Wennmacher, Direktesch vun der Patientevertriedung vermësst Transparenz iwwer d’Prozedur. Op der Covid-Websäit beispillsweis.

"Dass de Patient e liichte Wee huet fir dat Ganzt nozesichen an nozefannen. Et muss eng Transparenz do sinn. Well wann déi net do ass, fänken d’Leit natierlech un, sech Froen ze stellen. Natierlech soen d’Leit dann: Wëlle se eppes verstoppen? Wëlle se eis net hëllefen? Wat ass do dohannert!?"

Waarden op Nouvellen

No enger éischter Entrevue mat der Santé ugangs Dezember waart d’Angela lo op Nouvellen. Hiert Häerz géif net méi wéi fréier ginn, hätt hiren Dokter gesot. Wéinst der Myocardite konnt si am Hierscht 2021 net op hirer neier Aarbecht ufänken. Si lieft bei den Elteren, ass iwwer dës krankeverséchert. Freet sech wéi et soll weidergoen.

“Je ne vois plus mon avenir. Je ne vois pas ce que je pourrais faire dans le futur... à part rester chez moi.”

Den Notze vum Vaccin fir d’Allgemengheet, säi Schutz géint schwéier Covid-Verleef, iwwerweit bei wäitem d’Risike vun den dach raren, awer schwéieren Niewewierkungen. Fir d'Angela e schwaachen Trouscht. Déi jonk Fra wënscht sech net vu Staat a Gesellschaft hänke gelooss ze ginn.

Fir Kontakt mat der Redaktioun opzehuelen, kënnt Dir e Mail un dossier@rtl.lu maachen.